arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Welt-Marsch fir d'Klima: An de Stroosse vu Belém gëtt haut demonstréiert

COP30 a Brasilien

|
headphones

2 min

Welt-Marsch fir d'Klima: An de Stroosse vu Belém gëtt haut demonstréiert

D‘Weltklimakonferenz zu Belém a Brasilien ass an der Hallschent ukomm. D‘Länner stinn ënner Drock fir aus de fossillen Energien erauszeklammen zu engem Zäitpunkt wou d‘CO2 Emissioune weider klammen.

headphones

2 min

 EPA/Fraga Alves | ©  EPA/Fraga Alves
Aktivisten op der COP30 zu Belém (Foto: EPA/Fraga Alves)

D‘Klimakris wier iwwerdeems déi gréisst Menace vun eiser Zäit, sot déi fréier gréng däitsch Ausseministesch an aktuell Presidentin vun der UNO-Generalversammlung.

D‘Annalena Baerbock huet bei hirer Arrivée zu Belém mat der däitscher Presse geschwat. Si sot, eng 3,6 Milliarde Mënschen, also ronn d‘Hallschent vun der Weltpopulatioun, wieren haut a grousser Gefor wéinst de Konsequenze vum Klimawandel.

Welt-Marsch fir d'Klima 

D‘Klimafuerscher bezweifelen, datt d‘Zil vun enger maximaler Äerderwäermung vun 1,5 Grad nach kann agehale ginn.

An de Stroosse vu Belém ass haut um Samschdeg de sougenannte Welt-Marsch fir de Klima. Dobäi geet d‘Zivilgesellschaft, dorënner Aktivisten an Aktivistinnen, Membere vun ONG‘en an den Urawunner-Communautéiten iwwer e Parcours vu 4,5 Kilometer duerch d‘Stad am Amazonas Gebitt fir op hir Uleies a Saache Klimaschutz opmierksam ze maachen.

Kritik u Presenz vu Lobbyisten 

Am Virfeld huet e Grupp vu Klimaschützer, dee sech „Knock Big Polluters Out“ nennt, op der COP30 gefuerdert, datt Lobbyiste vun der fossiller Energieproduktioun vun der Klimakonferenz missten ausgeschloss ginn.

Opgrond vun Daten, déi si analyséiert hunn, behaapten d‘Klimaschützer, datt op d‘mannst 1.600 Lobbyiste vun der Pëtrol-, Gas- a Kuelen-Industrie op der Weltklimakonferenz zu Belém vertruede sinn.

Aarm Länner besonnesch staark betraff

Ee vun den Haaptpunkten ass och op dëser 30. Weltklimakonferenz den Impakt vun der Äerderwäermung op déi méi aarm Länner, vun deenen de vill besonnesch staark vum Klimawandel impaktéiert sinn. ONG‘e wëlle vun der Geleeënheet profitéieren, fir déi méi räich Länner weider doriwwer ze sensibiliséieren

De Lëtzebuerger Ëmweltminister Serge Wilmes soll d‘nächst Woch op d‘Weltklimakonferenz zu Belém a Brasilie reesen.