Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Sozialwalen am Heizungs- a Sanitärbetrib Reckinger

Sozialwalen

Sozialwalen am Heizungs- a Sanitärbetrib Reckinger

Exakt 4.099 Entreprisë sinn ugeschriwwe ginn, well se warscheinlech eng Personaldelegatioun mussen hunn, oder eng musse kréien. Déi Obligatioun gëllt nämlech fir all Betrib, deen am Zäitraum 1. Februar 2023 bis 31. Januar 2024 op d’mannst 15 Persoune beschäftegt huet.

auto_stories

5 min

headphones

21 min

play_arrow

Wéi vill Delegéierter konkret musse gewielt ginn, kéint een eréischt no de Wale genee soen, esou d’ITM. Et wieren der awer e puer Dausend. 2019 sinn deemools  an 3.359 Betriber, déi Resultater eragemellt hunn, insgesamt 8.860 Delegéierter gewielt ginn, plus 7.661 Suppleanten. Dat sinn am Total gutt 16.500 Personalvertrieder.

Och am Heizungs- a Sanitärbetrib Reckinger ginn haut Sozialwalen ofgehalen. Ronn 309 Mataarbechter sinn opgeruff fir hir Delegatioun ze wielen, 250 hu sech dierfen opsetzen: Siwe Memberen a siwe Suppleanten. Dat ass déi Gréisst vu Personalvertriedung, déi d’Gesetz fir e Betrib tëschent 300 a 400 Mataarbechter virgesäit.

D'Walurn fir d'Sozialwalen bei Reckinger | © Maurice Molitor
D'Walurn fir d'Sozialwalen bei Reckinger (Foto: Maurice Molitor)

Organisatioun vun der Wal

De Personalchef Mickaël Rissé ass responsabel fir d'Organisatioun vun de Sozialwalen. Als éischt huet hie misste festleeën, wou a wéini gewielt soll ginn. Virun engem Mount gouf da gekuckt, wien iwwerhaapt dierf wielen a wien dierf gewielt ginn, wéi vill Leit iwwerhaapt an der Entreprise schaffen.

Bei der Entreprise Reckinger steet scho fest, wéi eng 14 Leit gewielt sinn an awer ginn nach Walen organiséiert fir ze bestëmmen, wien effektiv Titulaire gëtt a wie Suppleant. De Patron Michel Reckinger dierf selwer net wielen, genee wéi de Personalchef. Och Salariéen, déi manner wéi sechs Méint an der Entreprise schaffen, dierfen net wielen. De Mickaël Risser iwwerwaacht de ganzen Dag mat sengen zwee Assesseuren d’Walen, souguer d’Iessen an der Mëttesston loosse si kommen, fir d’Walurn keen Abléck aus den Ae mussen ze loossen.

De Walbüro fir d'Sozialwalen bei Reckinger | © Maurice Molitor
De Walbüro fir d'Sozialwalen bei Reckinger (Foto: Maurice Molitor)

Michel Reckinger: Sozialdialog léiwer an der Entreprise diskutéieren

Bei Reckinger gëtt et keng gewerkschaftlech organiséiert Personaldelegéiert, an dat wier och gutt esou, esou de Michel Reckinger. Fir hie sollt de Sozialdialog am Betrib geféiert ginn, an de Gewerkschafte sollt een "déi héich Politik" iwwerloossen.

"Am Betrib geet et dem Patron an dem Salarié ëm de Betrib, an an der nationaler Politik gesäit een einfach dacks, datt d'Gewerkschafte manner d'Betriber am Bléck hunn, wéi hir eegen Iwwerzeegungen. An dat ass dann oft géint de Patron oder géint eppes, wéi zesummen eppes ze gestalten."

Praktesch Schwieregkeete wéinst dem Kollektivvertrag

An der Entreprise schaffen Installateuren an Elektriker. Fir béid Metiere ginn et sektoriell Kollektivverträg, esou datt doriwwer net am Betrib selwer verhandelt gëtt. Mee wéi ee gëllt?

Bei der Firma Reckinger schaffen haaptsächlech Leit, déi ënner de Kollektivvertrag vum Heizungs- a Sanitärsecteur falen, obwuel d'Entreprise och Elektriker a vill aner Profiller beschäftegt.

"An déi lafen dann am Prinzip ënner dem Kollektivvertrag vum Heizung. Wat net gutt ass. (...) Am Prinzip dierfe meng Elektriker am August net schaffen, well si ënner de Kollektivurlaub vun den Installateure lafen."

D'Bauhäre géifen awer natierlech fuerderen, datt Elektriker am August op hirem Chantier géife schaffen, wat reegelméisseg zu Diskussioune mat de Clientë géif féieren an individuell Léisunge vun der Firma a vum Personal fuerdert.

Lauschterenplay_arrow