Radioen

On air

Notturno  |  Maz Univerze - Eyeliner

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ SyproLux an de Landesverband gesi Grond zur Freed

Sozialwale bei der Eisebunn

SyproLux an de Landesverband gesi Grond zur Freed

D’Eisebunner si weiderhi mat 3 Sëtz an der Chambre des Salariés vertrueden: Ee Sëtz fir de SyproLux an zwee fir de Landesverband. D'Vertrieder vu béide Gewerkschafte weise sech deementspriechend och zefridden. Beim SyproLux freet ee sech awer och nach iwwer een anert Resultat.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

CFL | © picture alliance / Hauke-Christian Dittrich play_arrow
Foto: picture alliance / Hauke-Christian Dittrich

Et wier ee ganz zefridden, déi zwee Sëtz konnten ze halen, esou de Georges Melchers, de President vum Landesverband. Och d’Mylène Bianchy, Presidentin vu SyproLux, ass frou, hire Sëtz konnten ze konsolidéieren. Als SyproLux wier een awer besonnesch houfreg op d’Resultat vun der Personaldelegatioun bei der CFL. 

SyproLux mat "historeschem" Moment

Et wier een historesche Moment fir SyproLux: 4 Sëtz konnte si bei der CFL bäigewannen, an domat huet SyproLux Paritéit mam OGBL. Dat och am ieweschte Gremium vun der Personaldelegatioun. Et hofft een elo op eng gutt Zesummenaarbecht, souwuel mam OGBL, wéi awer och mat der Direktioun, esou d’Mylène Bianchy.

"De SyproLux hat bis elo nach ëmmer d’Ugewunnecht, eng zimmlech bestëmmten an haart Stëmm ze sinn. Mir si gewëllt, dat weiderzeféieren. Et ass kloer, datt wann ee Paritéit huet a Gremien, datt een do dann och bëssen anescht optrëtt, wéi dat bis elo war."

Dat géing awer elo net heeschen, datt ee beim SyproLux géing mengen, "mir wiere lo quelqu’un", esou d'Mylène Bianchy.

Landesverband: De Bléck op d'Zukunft riichten

Dem Landesverband, deen no de Walen 2019 mam OGBL fusionéiert huet, huet ee vun de Sëtz bei der CFL un d’SyproLux ofginn. Mee am Allgemengen hätt een awer trotzdeem e gutt Resultat gemaach, esou de Georges Melchers.

"Mee mir musse lo an d'Zukunft kucken, wéi mir eis trotzdeem nach verbesseren, fir duerch déi Zesummenaarbecht mam OGBL Virdeeler fir d’Leit ze kréien."

Op en Neits Kritik um Walsystem

Et misst awer onbedéngt um Walsystem eppes geännert ginn, fir datt d’Walbedeelegung bei de Sozialwalen nees eropgeet, mengt de Georges Melchers.

Eng digital Wal wier fir de Landesverband duerchaus eng Optioun, oder et géif een nees zeréck op lokal Wale klammen, wou d’Leit an ee Büro wiele kënne goen.

Lauschterenplay_arrow