Radioen

On air

Spektrum  |  The Script - Both Ways

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ LCGB gewënnt Majoritéit bei Luxair a Luxcargo Handling

Sozialwalen

LCGB gewënnt Majoritéit bei Luxair a Luxcargo Handling

Den LCGB behält seng Majoritéit vun den Delegéierte bei Luxair Group. Och bei der nei gegrënnter Gesellschaft Luxcargo Handling kritt den LCGB déi meeschte Sëtz.

auto_stories

2 min

© Simon Hoffmann
Foto: Simon Hoffmann

D'Delegatiounswale ware véier Méint no deenen am Rescht vum Land, well et op den 1. Mee ee gréissere Changement gouf. D'Personal vum Cargocenter vun der Luxair gouf an déi neigegrënnte Gesellschaft Luxcargo Handling transferéiert. Dat huet d'Kräfteverhältnisser an der Delegatioun awer wéineg beaflosst,

Den LCGB bleift mat 11 vu 17 Mandater bei der Luxair majoritär. Véier dovunner ginn un d‘SEA, d‘LCGB-Lëscht fir d‘Buedempersonal. Och bei der neigegrënnter Luxcargo Handling, bei där 1.300 Leit schaffen, ka sech den LCGB mat 9 vu 15 Mandater virum OGBL mat sechs Mandater duerchsetzen.

LCGB fillt sech a senger Aarbecht bestäerkt

Fir de Paul de Araujo vum LCGB spigelt dëst Resultat déi gutt Aarbecht vu senger Gewerkschaft erëm.

„Dat heescht natierlech awer nach laang net fir den LCGB, datt mer elo ophalen. Mir wäerten natierlech als LCGB mat de neien Delegéierten eisen Engagement weider am Interêt vun de Salariéë fortféieren.“

OGBL weist sech zefridden

Obwuel den OGBL a béide Gesellschafte minoritär bleift, weist ee sech zefridden. Ëmmerhin hätt een den Undeel vu Mandater kënne steigeren, sou d'Manon Meiresonne vum OGBL.

„Effectivement le LCGB reste majoritaire, mais bon il faut savoir que l'OGBL a tout de même progressé. Nous sommes passé à Luxair de 25% des sièges, nous avions 5 sièges pour 20 personne dans la délégation 2019, actuellement nous avons 6 sièges pour 17 personne dans la délégation.“

Prioritéit fir déi zwou Gewerkschafte bleiwen elo d'Verhandlunge fir de neie Kollektivvertrag bei der Luxair. Véier Gespréichsronne gouf et schonn. An déi wiere konstruktiv. 

Aktualitéit
Sozialwalen