Radioen

On air

Notturno  |  Meernaa - A Promise

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wale fir d'Personaldelegatiounen: OGBL zitt positiven Tëschebilan

Sozialwalen

Wale fir d'Personaldelegatiounen: OGBL zitt positiven Tëschebilan

Den OGBL zitt e positive Bilan wat d'Wale fir d’Personaldelegatiounen ugeet. Et feelen awer nach d'Resultater vun e puer Entreprisen, iert dat definitiivt Resultat feststeet.

auto_stories

1 min

Stand haut zielt den OGBL 2.268 effektiv Personaldelegéiert. Dat wiere ronn 15 Prozent méi wéi nach viru fënnef Joer, erkläert d’Nora Back, Presidentin vum OGBL.

“An dat ass awer och eng Äntwert op alleguerten déi, déi soen, d'Gewerkschaft ass eppes Vereenzeltes, wat net méi ugepasst ass un d'Realitéit vum Terrain, a wat net real ass an der Welt vun haut. Well mir eben och a Secteuren dra sinn, wou mir bis elo guer net dra waren a wou vläit déi nei Secteure vun der Ekonomie sinn an de ganze Serviceberäich."

E grousst Beispill wier hei Amazon, wou den OGBL fir eng éischte Kéier als Gewerkschaft dran ass, esou d'Nora Back.