Radioen

On air

Owesconcert  |  Vies d'artistes: Rachmaninoff & Berlioz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Luxcargo Handling: 1.200 Luxair Mataarbechter goufen iwwerholl

Cargocenter

Luxcargo Handling: 1.200 Luxair Mataarbechter goufen iwwerholl

Zanter dem éischte Mee sinn eng 1.200 Luxair Mataarbechter vum Cargocenter gewiesselt bei déi nei Firma "Luxcargo Handling". D’Salariéë krute verséchert, datt se weiderhin ënnert deene selwechte Konditioune géife schaffe wéi virdrun.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Bigstock / Phuong D. Nguyen play_arrow
(Foto: Bigstock)

Dat géif heeschen, datt d’Mataarbechterinnen a Mataarbechter och an Zukunft déi selwecht Konditioune behalen, déi bei der Luxair am Kollektivvertrag stoungen.

Dat war eng vun de gréisste Suerge vun de Gewerkschaften an dem Luxair Cargocenter Personal, wéi bis gewosst war, datt d’Luxair net méi géif fir eng Lizenz am Cargocenter kandidéieren. Déi nei Firma "Lux-Cargo-Handling", déi vun der Cargolux an d’Liewe geruff gouf, huet am Dezember mat de Gewerkschaften an och elo am Abrëll verschidde Prinzippie festgehalen. 

De Kollektivvertrag vun der Luxair ass d'Basis

D'Ofsécherung vun den Aarbechtsplazen hätt am Virdergrond gestane, sot de Paul de Araujo vum LCGB. 

"Dat heescht am Fall vun engem Sureffectif wier et wichteg, datt do net op sec Licenciementer zeréckgegraff géif ginn. Mee am Fall wou, datt mir u sech dann, am Kader vun engem Plan maintien dans l'emploie, géife probéieren dat ze limitéieren." 

Et wier en Accord fonnt ginn, datt vum éischten Dag un, e Kollektivvertrag fir Luxcargo Handling soll ënnerschriwwe ginn. Dat op der Basis vum Kollektivvertrag vun der Luxair. Och déi extralegal Avantagë sollen d’Mataarbechter behale kënnen.

Nei Verhandlungen an zwee Joer

Fir eng Iwwergangszäit vun zwee Joer bleift deen aktuelle Kollektivvertrag gülteg, duerno gëtt nei verhandelt. Bei Luxair selwer, gëtt elo schonn een neie Kollektivvertrag verhandelt. Den LCGB hat Enn lescht Joer beim Minister eng Derogatioun fir d'Sozialwalen ugefrot. Dat opgrond vun der Spléckung vum Personal, respektiv vun deenen zwee Betriber. De Paul de Araujo erkläert, datt d'Verleeë vun de Wale fir Luxcargo Handling op e spéidere Datum, besser fir d'Representatioun wier. 

Eng nei Personaldelegatioun muss nach gewielt ginn

Déi aktuell Delegatioun bléift fir d’Iwwergangszäit provisoresch operationell, bis datt Neiwale kënnen organiséiert ginn. Déi sollen nach virum Summer organiséiert ginn, viraussiichtlech déi éischt Hallschent vum Mount Juli.

  Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Sozialwalen
Wirtschaft