Radioen

On air

Notturno  |  Nicool - De Sonnden

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nom Walresultat vun der Chambre des salariés: Aleba zefridden, LCGB enttäuscht

Sozialwalen

Nom Walresultat vun der Chambre des salariés: Aleba zefridden, LCGB enttäuscht

D’Aleba weist sech zefridden iwwer hiert Walresultat an der Chambre des salariés. Si konnten an de Sozialwalen ee Sëtz bäigewannen a kommen domat op 5 Sëtz. Den LCGB verléiert dee Sëtz a kënnt op 17 Sëtz, a weist sech deemno och enttäuscht. Den OGBL behält déi absolut Majoritéit mat 37 Sëtz.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Natierlech wier een net frou, ee Sëtz un d’Aleba mussen ofzeginn, mee d’Sozialwale wieren awer a sengen Ae positiv fir den LCGB ofgelaf, esou de Patrick Dury.

"Mir hu virun enger Rei vu Joren eng nei Aart a Weis fir ze schaffen ugefaangen, déi ass ganz staark um Terrain rëmzefannen, an et ass sou, datt mir eis Walcampagne um Terrain an de Betriber gemaach hunn. An Dir kënnt mol dervun ausgoen, datt mir an den nächste Jore mam selwechten Elan weider schaffen."

Mee déi gréisst Konkurrenz wieren net déi aner Gewerkschaften, esou de Patrick Dury. Et wieren déi Leit, déi net syndikéiert sinn. Deem stëmmt och de Roberto Mendiola, President vun der Aleba, zou.

"Et deux tiers des électeurs qui sont là qui regardent les autres, qui vont nous regarder, alors qu’ils n’ont pas pu s’exprimer, qui n’ont pas compris qu’ils doivent s’exprimer, qui ont pris cette enveloppe et qui l’ont jetté à la poubelle, qui n’ont pas compris que c’est leur droit le plus démocratique."

Angscht viru Gewerkschaften oder een ze komplexe Walsystem?

Eng Erklärung dofir wier, datt et Leit géife ginn, déi Angscht hätten, sech un eng Gewerkschaft ze bannen, mengt de Roberto Mendiola nach weider.

"J’ai vécu ça, des patrons qui ont fait pression sur les gens: 'Nous voulons pas qu’un syndicat rentre dans les entreprises.'"

Eng weider Erklärung ass de komplexe Walsystem, esou de Roberto Mendiola an de Patrick Dury.

"Haut musse se hire Walziedel ausfëllen. Si mussen en an eng Enveloppe maachen. Déi Enveloppe kënnt an eng zweet Enveloppe, an dat musse se op der Post ofginn. A vläicht muss ee kucken, datt een iwwert den informatesche Wee, den digitaliséierte Wee fir kënnen ze wielen, de Leit et méi einfach mécht."

Um Proporzsystem wéilt een als LCGB awer näischt ännere goen, esou nach de Patrick Dury. 

D’Walbedeelegung ass am Verglach zu de leschte Walen 2019 ëm bal zwee Prozentpunkten op 34,4 Prozent geklomm. Dat wier lächerlech, esou de Roberto Mendiola. Och de Patrick Dury hätt sech gewënscht, datt d’Walbedeelegung nach weider eropgaange wier.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Sozialwalen