Radioen

On air

Spektrum  |  Pearl & The Oysters - Side Quest

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sozialwale bei Luxair a LuxCargo Handling

LCGB an OGBL

Sozialwale bei Luxair a LuxCargo Handling

Bei der Luxair a bei der neigegrënnter Cargolux-Filial LuxCargo Handling sinn haut Sozialwalen. Well d’Personal op den éischte Mee vun dësem Joer eréischt bei Luxcargo Handling transferéiert gouf, hunn och d’Sozialwale misse verluecht ginn.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Wat Luxcargo Handling ugeet wier et gutt, datt den Transfert esou ofgelaf wier, wéi dat am Accord am Dezember festgehale gouf, esou de Paul de Araujo vum LCGB. Elo géif et drëms goen eng adequat Vertriedung vun den ëmmerhin 1.200 Mataarbechter op d’Been ze stellen. 

15 Effektiven a 15 Suppleante musse gewielt ginn. Fir d’Manon Meiresonne vum OGBL geet et drëms sech hei staark ze positionéieren. Si erwaart sech en enke Kampf.

"Pour le côté Luxcargo Handling on est aussi dans l'inconnue, on ne sait pas quel syndicat va ressortir majoritaire étant donné qu'il s'agit de personnel de sol, donc ce ne sont pas des crews, des personnes qui sont pilotes ou dans les airs.“

Staark Basis fir neie Kollektivvertrag

Anescht bei der Luxair, wou den LCGB an der Majoritéit ass. Hei wëllt ee virun allem eng staark Basis fir deen neie Kollektivvertrag aushandelen, esou de Paul de Araujo.

"An do ass de ganzen Enjeu natierlech fir d'Leit haaptsächlech elo d'Erneierung vun der Flott, wou et elo drëms geet ëm eng adequat Formatioun respektiv awer och d'Aarbechtskonditioune vun de Leit, wou mer mussen hierstellen.“

Nodeems d’Luxair eng schwiereg Phas mat der Pandemie hanner sech gehat hätt, géif een elo nees ronn dréien. D’lescht Joer hätt d’Luxair souguer e Rekordresultat realiséiert. Dat misst sech elo och bei den Aarbechtskonditiounen néierschloen, esou nach de Paul de Araujo.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Sozialwalen