Radioen

On air

Notturno  |  Altin Gün - Güzelligin On Para Etmez

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den OGBL reagéiert op Ausso vun der Federatioun vun den Handwierker

Sozialwalen

Den OGBL reagéiert op Ausso vun der Federatioun vun den Handwierker

Aktuell leien d‘Resultater vun de Sozialwalen aus 2.939 Betriber vir. Den OGBL kënnt op 25 Prozent, den LCGB dem aktuelle Stand no op 13,6 Prozent, an d‘ALEBA op 4,2 Prozent. Déi fräi Delegéiert maachen aktuell 56,8 Prozent aus.

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Luis Boza
Foto: picture alliance / NurPhoto | Luis Boza

D‘Handwierkerfederatioun hat gëschter um Donneschdeg an engem Communiqué geschriwwen, déi fräi Lëschte wieren de grousse Gewënner vun dëse Walen. Den OGBL huet dat gëschter Owend du per Communiqué vehement zeréckgewisen. D‘Gewerkschaft weist drop hin, datt déi fräi Lëschte keen homogeene Block sinn.

Déi onofhängeg Delegéiert hätte meeschtens näischt mateneen ze dinn a géife vun ënnerschiddlechen Horizonter kommen. Et wieren zum Beispill Pro-Patrons-Lëschten oder Leit, déi vum Patron als Delegéiert designéiert goufen. Ënner hinne wieren och Syndikatsmemberen, déi sech net affichéiere wéilten.