Radioen

On air

Spektrum  |  White Denim - It Might Get Dark

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sozialwalen: De Georges Mischo rechent net mat enger Hausse vun der Walbedeelegung

Geet et de Leit "ze gutt"?

Sozialwalen: De Georges Mischo rechent net mat enger Hausse vun der Walbedeelegung

Wa bis all d’Resultater vun dëse Sozialwalen ausgezielt sinn, da wëll den CSV-Aarbechtsminister Georges Mischo am “Comité permanent du travail et de l’emploi” mat de Sozialpartner een Debriefing maachen. Dat sot hien am 100,7-Interview.

auto_stories

4 min

headphones

16 min

play_arrow
Den Aarbechtsminister Georges Mischo (Foto: Jo Diseviscourt)

Vu fënnef Auer de Mëtteg u ginn am Aarbechtsministère d‘Walziedele fir d‘Chambre des salariés ausgezielt. D‘Bulletinen, déi all d‘Salariéen déi lescht Wochen heemgeschéckt kruten, ginn do am Bureau centralisateur gesammelt. Wéi vill där Bréiwer bis elo rakomm sinn, konnt de Minister de Moien net soen. Dës Kéier wäert am Aarbechtsministère awer méi Personal mat hëllefe fir auszezielen. 

"Mir hoffen awer, datt méi Ziedelen erakommen, an datt et awer och méi séier geet, dat dee ganze Prozess ka virugoen. (...) Et muss een och sech iwwerleeën, datt ganz vill Leit de Schratt gemaach hunn a gesot hunn 'ech stelle mech de Walen' an da wëllen se natierlech och sou séier wéi méiglech hir Resultater kréien."

Wa bis all d’Resultater vun dëse Sozialwalen ausgezielt sinn, da wëll den CSV-Aarbechtsminister Georges Mischo am “Comité permanent du travail et de l’emploi” mat de Sozialpartner een Debriefing maachen. Op een Datum wollt hie sech awer net festleeën.

Niddreg Walbedeelegung: Et muss ee sech Froe stellen 

Sollt och dës Kéier d’Walbedeelegung niddreg ausfalen, géif een eventuell Upassunge maachen, fir datt den Taux bei den nächste Walen 2029 da méi héich gëtt. Hie gleeft eegenen Aussoen no net, datt dës Kéier d’Zuel vun deene Salariéen, déi mat ofstëmmen, vill eropgeet, sou de Goerges Mischo. Et wier ze hoffen, datt en net erofgeet, esou den Aarbechtsminister.

Bei de leschte Sozialwale viru fënnef Joer louch d’Abstentioun bei ronn 68 Prozent.

Souwuel den Aarbechtsministère wéi och d’Gewerkschafte missten sech an deem Zesummenhang Froe stellen. Eng Fro wier, ob et de Leit "ze gutt géif goen", sou de Georges Mischo. 

Dossier Ampacet: Eng droend Roll vum Aarbechtsminister?

D’Sozialwale wieren immens wichteg, grad wéi de Sozialdialog, sou nach de Goerges Mischo. Beispill Ampacet, wou jo am November an Dezember laang gestreikt ginn ass. An den Aarbechtsminister sot, hie wier et gewiescht, deen do fir eng Léisung gesuergt hätt. Gläichzäiteg huet hie widderholl, datt hien net hätt wëllen de Vermëttler sinn.  

"Ech hunn dat och mam Nora Back geschwat, wat och seet den Aarbechtsminister sollt net Mediateur sinn wann et em Kollektivvertragsverhandlunge geet."

Ee Kollektivvertrag wier näischt wäert oder net vill, wann en net agehale gëtt, esou den CSV-Politiker.

War et och säi Verdéngscht, datt schliisslech een Accord fonnt ginn ass? Et hätt kee Wäert, iergendengem de Verdéngscht ze ginn, betount de Georges Mischo. Hie géing seng Roll awer schonn als sprangend gesinn.

“Jo, ech hu Freides e Bréif gemaach un d'Gewerkschaften an un Ampacet. Dënschdes hu mir eis gesinn, Mëttwochmoies ass dunn annoncéiert ginn, datt se een Accord fonnt hunn. Do ass iwwert de Weekend vill hin an hir telefonéiert ginn. Et muss een net ëmmer alles op d'Place publique bréngen, wat ee sou schafft."

Vum OGBL, deen de Streik organiséiert hat, war et allerdéngs deemools d’Ausso, de Georges Mischo hätt "guer net" zu dësem Accord bäigedroen.

Steet d'CSV engem LCGB nach ëmmer méi no?

Den CSV-Aarbechtsminister huet iwwerdeems net den Androck, datt seng Partei mat engem LCGB een historeschen Alliéierten hätt. Fir hie wier den OGBL genausou ee Partner, wéi den LCGB, d‘Aleba oder d‘CGFP.

"Mir mussen als Regierungs mat alle Partner zesummeschaffen an et ass net esou, wéi wa mir mam LCGB méi een enke Kontakt hätten, wéi mat aneren."

Och de Fakt, datt eng Rei Deputéiert vun der CSV beim LCGB aktiv waren oder sinn, géing näischt dorunner änneren.

"Jo natierlech, et ass jo och esou, datt den OGBL éischter zur LSAP tendéiert oder deene Lénken. Natierlech sinn eng Rei vun eis Member vum LCGB, mee et ass awer net sou, datt mir eis all Woch géife gesinn oder Reuniounen hätten."

Mee kéint eng grouss Victoire vun engem OGBL an der Suite vun dëse Walen enger CSV awer méi Oppositioun abréngen? "Jo", esou de Georges Mischo, dat wier sécher. 

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Sozialwalen