Radioen

On air

Spektrum  |  The Drin - Elude The Torch

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Esou gouf bei e puer vun de gréissten Employeuren am Land gewielt

Sozialwalen

Esou gouf bei e puer vun de gréissten Employeuren am Land gewielt

Am Ganze goufen a ronn 4.100 Entreprisen nei Personaldelegatioune bestëmmt. No de Sozialwale vu gëschter leien, dem aktuelle Stand no, d’Resultater aus 2.822 Entreprisë vir, dorënner och déi vun e puer vun de gréissten Employeuren am Land.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

Walen | © picture alliance / NurPhoto | Nuno Cruz play_arrow
Foto: picture alliance / NurPhoto | Nuno Cruz

Lescht Aktualiséierung: 17h15


Dem aktuelle Stand no (16:25), sinn iwwer d’Hallschent vun de gewielten effektiven Delegéierten net op der Lëscht vun enger etabléierter Gewerkschaft ugetrueden. Bei den effektive Personaldelegéierte kënnt den OGBL - de provisoreschen Zuelen no - op gutt 25 Prozent, den LCGB op ronn 14 Prozent an d’Gewerkschaft ALEBA op gutt véier Prozent vun den Delegéierten, kann een um Internetsite vun der Gewerbeinspektioun ITM liesen. 

Éischte Kéier Vertrieder aus Gewerkschafte bei Amazon

Bei der zweetgréisster Entreprise hei am Land, Amazon EU sàrl., goufen eng éischte Kéier Vertrieder vun de Gewerkschaften OGBL an LCGB an d’Personaldelegatioun gewielt: fënnef vum OGBL an ee Vertrieder vum LCGB. 16 vun den 22 effektiven Delegéierte waren net op enger Gewerkschaftslëscht ugetrueden.

LCGB kritt Majoritéit bei Grupp Post a Grupp Dussmann

Bei béiden Entreprisë vum Grupp Post kënnt den LCGB zesummen op aacht Mandater, den OGBL op fënnef, d’ALEBA op véier. Aacht vun de gewielte Personalvertrieder waren ouni grouss Gewerkschaft ugetrueden.

Beim Grupp Dussmann - der véiertgréisst Entreprise - huet den LCGB mat 92 Vertrieder eng Majoritéit an de véier Personaldelegatiounen zesumme gekuckt. Den OGBL kënnt am Total op 79 Vertrieder bei de véier Gesellschafte vum Grupp Dussmann.

OGBL kritt Majoritéit bei Cactus

Bei der Cactus S.A. stellen d’OGBL-Vertrieder dräi Véierel vun der Personaldelegatioun: den LCGB kënnt hei op fënnef Vertrieder.

Vum Grupp ArcelorMittal leien eréischt Deelresultater vir: an der Delegatioun vun ArcelorMittal Luxembourg S.A. stellt den OGBL 12 Vertrieder an den LCGB der aacht. Bei ArcelorMittal Bissen a Beetebuerg kënnt den LCGB op fënnef Personaldelegéierter an den OGBL op zwee. A bei ArcelorMittal Centre Logistique Européen kënnt den LCGB op dräi Mandater an den OGBL op zwee.

Nach keng Resultater vum Grupp CFL an der BGL BNP Paribas

Vun der gréisster Entreprise am Land - dem Grupp CFL - leie fir de Moment eréischt Deelresultater vun de Sozialwalen 2024 vir. Wéinst de Filiale vum Grupp sollen all d’Resultater eréischt fréistens Freideg virleien.

Och vun der gréisster Bank, vu BGL BNP Paribas, louche bis elo am fréien Owend (Stand: 16:25) nach keng Resultater vun der Sozialwale vu gëschter vir.

Grupp Luxair wielt eréischt virum Summer

Beim Grupp Luxair gouf gëschter nach keng Personaldelegatioun gewielt: dës Wale solle virum Summer organiséiert ginn, nodeem 1.200 Luxair-Beschäftegter vun der Cargolux-Duechtergesellschaft Luxcargo Handling iwwerholl goufen, heescht et vun de Gewerkschaften.

 

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Sozialwalen