De Premier hat d’lescht Woch ugekënnegt, datt d’Karriär, déi ee muss absolvéiert hunn, iwwer eng Rei vu Jore stufeweis ëm dräi Méint solle verlängert ginn.
D’Ministerin fir sozial Sécherheet huet awer haut erkläert:
"Ob dat elo all Joer dräi Méint sinn, ob dat 2030 uleeft, wéi laang esou eng Moossnam leeft, 10, 20, 30 Joer: alles dat sinn Detailer, déi nach musse gekläert ginn."
Annoncéiert huet d’Martine Deprez, datt d’Studiejore kéinte flexibiliséiert ginn. „Si ginn net méi just bis 27 Joer an d’Karriär agesat.“
Méi generell huet d’Ministerin gesot, datt si vun der Regierung den Optrag kritt hätt, de Sozialdialog zu de “groussen Orientatiounen” respektiv zum “Input vun der Regierung” opzehuelen, zu den ugekënnegte Changementer beim Pensiounssystem. Bis virum Summer sollen detailléiert Mesurë stoen an am Hierscht soll dann den Avant-Projet de loi am Regierungsrot presentéiert ginn.
D’Detailer sollen an den nächste Woche mat de Sozialpartner a mat deene Jonken diskutéiert ginn, esou eng weider Ukënnegung haut vun der Ministerin. Et wéilt ee probéieren “all Bedenken, konstruktiv Verbesserungsvirschléi a kreativ Iddie” mat opzehuelen”, huet d’Martine Deprez versprach.
An no der Undeitung vum DP-Deputéierte Gérard Schockmel am 100,7-Interview, datt och d’Ministerin Martine Deprez net iwwer d’Ukënnegunge vum Premier an der Ried zur Lag vun der Natioun kéint Bescheed gewosst hunn, huet d’Ministerin um Point Presse reagéiert a gesot: "Mir waren alleguerten informéiert an ech speziell war och informéiert".
Ausschlaggebend sinn déi zousätzlech Méint
Si huet unhand vun engem Beispill erkläert, wat déi Verlängerung vun de Bäitrags-Jore konkret géif bedeiten. Wann d’Reform 2030 géif ulafen, an all Joer dräi Méint méi laang misst cotiséiert misst ginn, da géif dat bedeiten, datt een, deen haut den 1. Mee 2030 kéint an d’Pensioun goen dat eréischt den 1. August ka maachen. An een, deen, am aktuelle Kader, den 1. Januar 2035 kéint pensionéiert ginn, misst sech drop astellen eréischt den 1. Juli 36, also annerhalleft Joer drop, kënnen ze goen.
Um legale Pensiounsalter vu 65 Joer soll awer op kee Fall geréckelt ginn. Dat heescht méi laang wéi 65 soll kee musse schaffe goen. Ausschlaggebend sinn déi zousätzlech Méint, déi fir jidderee gëllen. Ob dat der elo 3, 6, 12 oder 24 sinn. Vu, datt d’Zil vun der Reform ass, de reale Pensiounsantrëttsalter méi no un dee legalen erunzekréien, am Moment ass d’Differenz 5 Joer, wäert och an Zukunft kee méi wéi 5 Joer méi laang wäert musse schaffen, wéi e Stand haut misst goen.
Deprez fënnt net, datt Jugend den Effort eleng muss stemmen
D’Ministesch wäert elo mat de Sozialpartner dialogéieren a verhandelen, an dann am Hierscht en Avant-projet de loi virleeën. Dat wier den Optrag dee si vun der Regierung kritt hätt.
De Reproche, d’Jugend misst den Effort vun där Reform eleng stemmen, huet d’Martine Deprez net gëlle gelooss. Och déi aktuell Pensionéiert géifen iwwer d’Reform vun 2012, déi jo weider gëllt, hire Bäitrag leschten.
Taina Bofferding: Chamberkommissioun war eng surreal Sëtzung
D'Sozialministesch Martine Deprez war um Mëttwochmoien och an der zoustänneger Chamberkommissioun.
D'Sëtzung wier surreal gewiescht. Mat deene Wieder ass d’LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding aus der Chamberkommissioun rauskomm. D‘Ministesch hätt keng Detailer kënnen nennen a keng Berechnunge kënne virleeën, déi géifen erklären, firwat de Premierminister Luc Frieden d’Cotisatiounsjore wéilt verlängeren. Et wier een no der Erklärung vun der Ministesch net méi gescheit wéi virdrun, esou d’Taina Bofferding.
Et wier ee scho schockéiert gewiescht vun der Annonce vum Premier, elo wier een nach méi schockéiert, esou d'Taina Bofferding.
"Si hu keng Berechnunge konnte virweisen, keng Chifferen op dat wat si sech baséieren an d'Madamm Deprezwar jo awer mol eng Kéier Mathésproff, konnt awer faktuell elo guer net argumentéieren, dat heescht, bleift bei der Annonce ouni Detailer, dat heescht et gëtt eppes an d'Ronn geheit, et entsteet Panik an der Gesellschaft, allem nun schwätzt se lo iwwert d'Pensiounen, stellt se lo iwwert d'sech froen, mee wat si dozou beweegt huet, déi do e Pist elo op den Dësch ze leeën, konnte se net, konnten se guer net beäntweren."
Carole Hartmann huet Berechnungsmodeller ugefrot
Och fir d’Carole Hartmann vun der DP war d’Annonce vum Premierminister éischter eng Iwwerraschung an och si hat e ganze Koup Froe mat an d’Kommissioun bruecht. Ma och wann d’Ministesch keng konkret Berechnungen zu dëser Propos konnt virleeën, fënnt si awer datt der Chamberkommissioun schonn eng Partie Berechnunge virleie géifen. Och si hätt awer d'Berechnungsmodeller zu dëser konkreter Propos ugefrot.
"Et sinn eis als Chamberkommissioun awer schonn eng ganz Rei Berechnungsmodeller virgeluecht ginn. Dat heescht et ass net esou, wéi wann d'Chamber, wéi wann d'Deputéiert guer keng Berechnungsmodeller virleien hätten. Et muss awer am Kader vun den Diskussiounen, déi elo stattfannen, natierlech eng Kéier genau berechent ginn, wat konkreet déi Pisten, déi haut um Dësch leien, an der Berechnung herno och fir d'Nohaltegkeet vun dem ganze System ausmaachen."
D'DP hätt an der Kommissioun iwwerdeems betount, datt elo de Sozialdialog wichteg wier, fir déi Propos ze beschwätzen, esou d'Carole Hartmann.