D'Sozialministerin Martine Deprez huet zwar keng weider Konzessioune gemaach, mee et gouf fir d'Studenten d'Aussicht datt an den dräi nächste Joren iwwert ee Moossnamekatalog geschafft gëtt fir de Pensiounssystem längerfristeg oprecht ze erhalen.
Wéi kann een de Pensiounssystem esou steieren datt e laangfristeg, och fir déi zukünfteg Generatioune geséchert bleift? Fir d'Vertrieder vun de Lëtzebuerger Studente-Cerclen ass kloer, datt ee net wëll all puer Joer nees iwwer d’Rente mussen diskutéieren. E bësse méi Courage hätt sech de President vun der ACEL, der Associatioun vun de Studentencercelen den Gianni di Paoli gewënscht.
"Vläicht hätt ee sech einfach missen Zäit huelen, eng Kéier soen, okay, mir geheie vläicht mol eng Kéier alles op d'Kopp a kucke wat kéint dann de System sinn, deen zukunftsfäeg ass. Wat si vläicht méi grouss Pisten, déi mir mussen ugoen. An do muss een sech dann einfach trauen, och als Politiker, (...) well och e bëssen e Vertrauen dra verluer geet, datt eng Regierung nach ka Reformen ëmsetzen. A vläicht grad dofir muss ee weisen, nee Reforme sinn nach méiglech, a muss een och einfach couragéiert grouss Reformen usetzen."
Propositioune goufe net zréckbehalen kritiséiert den OGBL
An den eenzelnen Diskussiounsronnen déi d'Sozialministerin an de leschte Méint gefouert huet, wiere ganz vill Propositiounen op den Dësch komm, déi awer vun der Regierung net weider zréckbehal gi wieren, an déi géifen och vun de Gewerkschafte vermësst ginn, sot de Carlos Pereira, Zoustännege fir d'Sozialpolitik beim OGBL.
"Et ass keng vun deenen Iddien op der Propositioun vun haut um Dësch, déi sinn alleguerten net zréckgehale ginn, do waren, vun deene Jonken, wou gesot ginn ass, mee mir si bereet méi laang schaffen, mee Dir gitt eis d'Méiglechkeet fir méi laang schaffen, gitt eis, hëlleft eis, do ginn et schweedesch Modeller, do ginn et norwegesch Modeller, do ginn et anerer, wou een sech dorop ka baséieren, awer all déi Modeller oder all déi Diskussioun sinet zréckgehale ginn, an dat stéiert mech effektiv an der Diskussioun."
Déi Propositioune wieren net verluer gaangen, huet d'Sozialministerin Martine Deprez, präziséiert. Se goufen an engem Rapport opgelëscht, deen elo un Experten adresséiert gëtt, déi den Impakt vun all deene Moossname solle chiffréieren.
"Mir maachen en Inventaire. De Moment hu mer dee Rapport, deen de Carlos ugeschwat huet, mat all deene Post -Iten, déi si synthetiséiert ginn, déi sinn an engem kloren Dokument presentéiert ginn. Dat Dokument wëll ech eriwwerginn an een Expertegrupp, fir datt déi an deenen nächsten dräi Joer déi méiglech Pisten, déi et gëtt, d'Faisabilitéit zu Lëtzebuerg kucken an da kucke wéi mer am internationalen Echange och kënnen e System kreéieren, deen sech abett an dat wat an eiser Regioun ass."
Méi laang schaffen - Mee wéi?
Ouni op déi Aschätzungen ze waarden huet d'Sozialministerin Wëlles d'Moossnam ëm d’Verlängerung vun der Aarbechtszäitdauer ëmzesetzen. Déi géif eigentlech net vill brénge kritiséiert de Marc Baum vun déi Lénk.
"Firwat ass et ganz wéineg? Well, wéi d'Madamm Deprez och elo grad erkläert huet, wien ass dovunner betraff? Et sinn net déi Leit betraff, déi 40 Joer real cotiséiert hunn, an et sinn net déi Leit betraff, déi mat 65 an d'Pensioun sinn. Da bleiwen nach 22 %, wann een elo kuckt, wien ass d'lescht Joer an d'Pensioun gaangen, dat sinn 22 %, déi potenziell theoreetesch betraff wieren, ma dat sidd dir."
Fir de Carlos Pereira vum OGBL ass ee Prinzip wichteg an zwar datt d’Persoun fräiwëlleg méi laang schaffe geet an net dozou gezwonge gëtt, a weider mussen d'Konditioune geschafe gi fir datt d'Persoun och am Betrib ka bleiwen.
Hie verteidegt awer och d'Iddee datt een d'Cotisatioune fir d'Pensioune méi héich hätt kënne setzen.
Keng déifgräifend Reformen
Wierklech déifgräifend Reforme vum Pensiounssystem wiere fir den Ament net geplangt, sot d'Sozialministesch e Samschdeg zu Stroossbuerg. Si géif sech an de nächste Jore méi Zäit huele fir am Detail d'Propositioune vun alle Partien ze analyséieren.
Ee Konsens awer iwwert déi adäquat Léisung ass den Ament also mol nach net a Siicht. De Joao Borges, Comitésmember vun der REEL, betount datt vill Studenten sech eng gerecht Opdeelung vun den Efforte wënschen.
"Et gouf och vill driwwer geschwat vun deem gerechten Opdeelen, déi Leit, déi méi verdéngen, datt een sech e bësse méi eppes siche geet bei deene Leit, déi ganz vill Geld hunn, gréisseren Entreprisen zum Beispill. Et soll net erëm esou gemaach ginn, datt d'Käschten op déi méi aarm ginn, op déi déi méi laang schaffen. An datt eebe soll gekuckt ginn, datt op enger Aart a Weis gemaach gëtt, datt d'Leit awer e bësse Verständnis hunn an tendéieren dat och ze akzeptéieren."
Esouwuel d'Reel ewéi och d’ACEL hoffen datt se och an de nächste Joren an den Diskussiounen ëm d’Zukunft vun de Pensioune matagebonne wäerte ginn