arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Situatioun an der Gazasträif: Appel vu Médecins sans frontières

Noen Osten

|
headphones

2 min

headphones

4 min

play_arrow

Situatioun an der Gazasträif: Appel vu Médecins sans frontières

D’Situatioun an der Gazasträif ass mëttlerweil esou schlëmm, datt souguer humanitär Hëllef relativ komplizéiert ass. Médecins sans frontières ass eng vu véier Organisatiounen, déi nach ëmmer an der Gazasträif present sinn, fir humanitär Hëllef do ze leeschten. 

headphones

2 min

headphones

4 min

play_arrow
© picture-alliance/ dpa | Jens Kalaene
(Foto: picture-alliance/ dpa | Jens Kalaene)

Zesumme mat aneren ONGen huet d'MSF e  Mëttwoch en Appell un déi international Staategemeinschaft geriicht, all déi politesch, ekonomesch a juristesch Mëttel ze notzen, déi et ginn, fir dem israeelesche Krich a Palästina en Enn ze sëtzen.

Israel misst a sengem Genozid gestoppt ginn, esou den Thomas Kaufmann.

"Et weess een net wat vun engem Dag op den Anere geschéie kann"

Et kéint een ëmmer nach an de Klinicken a Gesondheetszentre schaffen. Dobäi betount den  Thomas Kaufmann, datt déi Strukturen net méi ganz funktionéieren, wéi se sollten. Den Ament wieren awer nach ëmmer 1.100 Leit vun MSF am Asaz. 

"Donc, c'est relativement important. Mais la situation étant très volatile, on ne sait pas ce qui se passe d'un jour à l'autre. Mais pour le moment, nous sommes encore en train de travailler là-bas.”

"MSF begréisst all Decisioun déi de Krich op en Enn bréngt"

Iwwerdeems mengt hien, datt d’Opklärungsaarbecht hëlleft, fir Bewosstsinn ze schafen. Deemno hätt Médecins sans frontières och nach ëmmer eng grouss Communautéit u Leit, déi si ënnerstëtzen.

D’Lëtzebuerger Regierung huet och Wëlles Palästina als Staat unzeerkennen. Den Thomas Kaufmann seet als Reaktioun dorop, datt den Optrag vun MSF net politesch wier, an deemno och ni een entspriechend Opruff gemaach huet. Trotzdeem géif een all Decisioun begréissen, déi dozou bäidroe kéint, de Krich op een Enn ze bréngen an d’Bevëlkerung ze beschützen.

play_arrow Lauschteren