D'Hamas géif alles dru setzen, fir de Rescht vun de Geiselen erëmzefannen an si zeréck ze ginn. Et wier awer schwiereg, esou d'Hamas. Verschidde Läiche wieren an zerstéierten Tunnellen an ënner den Trümmer vun zerbommte Gebaier. Fir d'Läichen ze biergen, bräicht et grouss Maschinnen an Apparater. Israel géif d'Liwwerung an d'Gazasträif awer den Ament verbidden.