arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg erkennt haut Palästina un

Konferenz zu New York

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Lëtzebuerg erkennt haut Palästina un

Mat enger Rei anere Länner erkennt Lëtzebuerg haut de Palästinenesche Staat un. Dat op der Konferenz fir d'Ëmsetzung vun der Zweestaatléisung, een Dag virun der UNO-Generalversammlung zu New York.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© picture alliance / Chris Emil Janßen
(Foto: picture alliance / Chris Emil Janßen)

Frankräich mécht de Schrëtt och a setzt sech matten am Krich tëscht Israel an der Terrororganisatioun Hamas nees verstäerkt fir d’Zweestaateléisung an.

Bei der Reunioun dëse Méindegnomëtte mécht och de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden säin Discours, wou hien d’Argumentatioun vun der Regierung presentéiert, firwat et elo de richtege Moment ass fir Palästina als Staat offiziell unzeerkennen.

Matgereest ass och den Ausseminister Xavier Bettel, dat ass normal fir d’Woch vun der UNO-Generalversammlung. Mee et well een och Unitéit an der Regierung weisen. Déi Lëtzebuerger offiziell Unerkennung vun engem eegestännege palästinensesche Staat kennt wärend engem Evenement datt vu Frankräich a Saudi-Arabien organiséiert gëtt. Sie setzen sech a fir der Zwee-Staate-Léisung neien Elan ze ginn.

Majoritéit erkennt Palästina elo un

Frankräich wäert dann och do seng Annonce maachen: Och Paräis erkennt Palästina offiziell un. Groussbritannien, Australien, Portugal, a Kanada maachen dee Schrëtt och. Si hunn hir Annonce schonn de Weekend gemaach. Et sinn elo iwwer 150 UNO-Memberstaaten déi Palästina als Staat unerkennen, eng kloer Majoritéit.

Wat seet Israel dozou: Hirer Meenung no ass dëse Schrëtt eng Belounung fir d’Hamas, d’Terrorgrupp déi no hirem Ugrëff de 7. Oktober 2023 vun Israel an der Gazasträif sollt eliminéiert ginn.

D’Konferenz iwwer d’Ëmsetzung vun der Zweestaateléisung ass haut Méindeg, een Dag virum Ufank vun der UNO-Generalversammlung.

Den Discours vum US-President Donald Trump ass muer, Dënschdeg. Lëtzebuerg mam Premier Luc Frieden ass eréischt de Freiden drun. Deen nämmlechte Moien zu New York wou och den Discours vum israeelesche Premier Benjamin Netanjahu virgesi sinn.

Philip Crowther zu New York, fir den 100,7

play_arrow Lauschteren