Radioen

On air

Popfilter  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Neiwalen a Frankräich: Eng Situatioun änlech wéi virum zweete Weltkrich

Den Historiker Vincent Artuso

Neiwalen a Frankräich: Eng Situatioun änlech wéi virum zweete Weltkrich

Virum zweeten Tour vun de franséische Parlamentswale mécht den Historiker Vincent Artuso op parallel Entwécklunge mat der Zäit vu virum zweete Weltkrich opmierksam. Een Enjeu vun de Walen a Frankräich ass, ob de rietsextreme Rassemblement National fir d’éischte Kéier an d’Regierung kënnt, oder net.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

play_arrow
Foto: Archiv

Den Historiker Vincent Artuso mengt, och an den 30er Joren hätten d’Leit an Europa ënnert enger liberaler Politik an enger héijer Inflatioun gelidden. A genee dat hätt deemools dozou gefouert, datt extrem politesch Kräften un d’Muecht komm sinn.

Neiwalen auszeruffen kéint Calcul gewiescht sinn

De franséische President Emmanuel Macron huet jo no den Europawalen d’Assemblée Nationale opgeléist an Neiwalen ausgeruff. Dobäi kéint de rietsextreme Rassemblement National an d’Regierung kommen, ënnert engem liberale President. Dat kéint Calcul gewiescht sinn. Mee e geféierlechen, mengt den Historiker Vincent Artuso.

"Wa si un d’Muecht kommen, mat engem President, deen net Rassemblement National ass, mat Institutiounen, déi net op hirer Säit sinn, da wäert  hiren Discours sinn: 'Kuckt mol, mir haten net all d’Kaarten am Grapp, mir konnten eis Politik net ëmsetzen, well de President an déi aner Institutiounen eis Aarbecht sabotéiert hunn. Dat heescht, gitt eis elo eng méi grouss Majoritéit'."

Dat Schlëmmst, wat de Vincent Artuso sech ka virstellen, wann de Rassemblement National an d'Regierung kënnt, wier, datt sech géint eng Minoritéit aus der Gesellschaft kéint gedréint ginn. An zwar géint d'Moslemen.

"Si hunn d’Roll vun der Minoritéit, déi net assimiléierbar ass, déi net integréiert ka ginn."

Déi selwecht Roll, déi d’Judden an der zweeter Hallschent vum 19. Jorhonnert haten, esou de Vincent Artuso. Et ass een europawäit Phänomen.

Änlech Situatioun wéi virum zweete Weltkrich

An dat war et och schonn an den 30er Joren. D’ekonomesch Situatioun deemools war gepräägt vun enger Weltwirtschaftskris: d’Leit hunn hir Aarbecht an domat hir finanziell Sécherheet verluer, Aarmut huet sech breet gemaach, an extreem Parteien u Succès gewonnen. Déi aktuell ekonomesch Situatioun schéngt deem ganz änlech, mee se huet net eréischt mat der Inflatioun nom Krich an der Ukrain ugefaang, mee schonn 2008, mat der Finanzkris, erkläert de Vincent Artuso. Zanterdeem wieren nämlech d’Léin vun de Leit net méi geklommen.

"Leit, déi mengen, datt hiert Land verschwënnt, datt et deklasséiert gëtt, an datt hir Identitéit a Gefor ass. Wann dann nach tatsächlech Ängschte kommen, wéi kann ech elo nächste Mount de Gas bezuelen? Oder wéi ass et, datt ech schonn de 17. vum Mount en Defizit op mengem Konto hunn, obwuel ech just akafe ginn?"

Dem Vincent Artuso no hätt e liberale Wirtschaftssystem och an den 30er Jore versot. Wat mir haut gesinn, wier eng Sich no engem anere Wee. Net onbedéngt extreem lénks, net onbedéngt extrem riets, op jidde Fall net liberal, mee warscheinlech eng Demande no méi Implicatioun, no méi Schutz vum Staat. Och an den 30er Joren hätt de Staat net wëllen an d’Wirtschaft agräifen, mengt den Historiker.

Lauschterenplay_arrow

 

 

Aktualitéit
Politik
Politik a Gesellschaft