Radioen

On air

One World  |  Hierscht 2024

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Pensiounsdossier: Déi ganz Altersofsécherung zu Lëtzebuerg soll thematiséiert ginn

Pensiounen

Pensiounsdossier: Déi ganz Altersofsécherung zu Lëtzebuerg soll thematiséiert ginn

Et wier wichteg, datt all Partner am Pensiounsdossier de selwechte Wëssensstand huet, esou d’Sozialministesch Martine Deprez am 100,7-Interview. Dat wier dann och d’Zil vun de breede Consultatiounen, déi am Hierscht ufänken.

auto_stories

2 min

headphones

16 min

Martine Deprez | © Jo Diseviscourt play_arrow
Foto: Jo Diseviscourt

Lauschterenplay_arrow

Bei dëse Consultatioune geet et also nach net ëm eng eigentlech Reform. Et soll dobäi iwwert déi ganz Altersofsécherung zu Lëtzebuerg geschwat ginn, esou d’Ministesch op d’Fro, ob et och ëm d’Pensiounen an der Fonction publique geet.

Am Joer 2027 kéint et e Problem bei de Pensioune ginn, an dorop wéilt een einfach preparéiert sinn, esou d’Martine Deprez.

Avis vum Wirschafts- a Sozialrot méi wéi just ee Constat

Konstruktiv Diskussioune kéinten et just ginn, wann all Acteur de selwechte Wëssensstand hätt, an och déi selwecht "Appreciatioun vum Ist-Zustand" hätt, huet d'Ministesch betount.

Mee wier dat net eng grouss Illusioun, well esouguer de Versuch am Conseil Economique zu engem gemeinsamen Avis ze kommen, gescheitert war? Do kéint ee sech d'Fro also stellen, firwat dat elo beemol gelénge sollt. D'Äntwert vun der Ministesch: Deen Avis vum Wirschafts- a Sozialrot géing iwwert een einfache Constat hinausgoen.

"Dee weist scho Pisten op, dee weist scho Revendicatiounen an et ginn dann d'Projektiounen a Fro gestallt. Ech wëll lo net d'Projektiounen diskutéieren. Ech wëll just, datt mir wëssen, wéi de System fonctionéiert, a wat eventuell an den nächste Joren op eis duerkënnt."

Aktualitéit
Politik
Politik a Gesellschaft