Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
search

/ Selenskyj beschreift ausstoend Militärhëllef als "komplett inacceptabel“

Westlech Länner zécken nach

Selenskyj beschreift ausstoend Militärhëllef als "komplett inacceptabel“

D’Zécke vu ville westleche Staate bei der Militärhëllef fir d’Ukrain wier "komplett inacceptabel“, esou de Wolodymyr Selenskyj a sengem neiste Videomessage, Een neit Fluchofwiersystem kéint d’Situatioun „fundamental veränneren“, esou den ukrainesche President.

auto_stories

1 min

Wolodymyr Selenskyj | © picture alliance / Photoshot
Wolodymyr Selenskyj (Foto: picture alliance / Photoshot )

Fir hir Stied besser viru russeschen Attacke kënnen ze schütze fuerdert d’Ukrain bal all Dag nach méi Systemer fir d’Fluchofwier, zum Beispill vum US-Typ 'Patriot'.

De President vun der Ukrain huet dorun erënnert, datt bei enger russescher Attack gëschter an engem Wunngebitt ee Mënsch ëm d’Liewe koum. Wéi d’Rettungsequippen ukoumen, hätt et eng zweet Attack ginn, bei där dräi Secouriste gestuerwe sinn. Dat wier eng „degutant“ Taktik, huet de Selenskyj kritiséiert.