Radioen

On air

Iwwer de Wolleken  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Science Center akzeptéiert d'Konditioune vum Ministère

Zukünftege Finanzement

Science Center akzeptéiert d'Konditioune vum Ministère

A Saache Gouvernanceproblemer beim Luxembourg Science Center deelt deem säi Verwaltungsrot mat, datt een d’Konditiounen akzeptéiert, déi den Educatiounsministère verlaangt huet, fir de Finanzement vum Déifferdenger Zenter weiderzeféieren.

auto_stories

1 min

Science Center | © Wikimedia Commons

Ënner anerem soll d’Privatgesellschaft GGM 11 vum Science Center-Grënner Nicolas Didier an den LSC integréiert ginn. Donieft soll den neie Conseil d’administration duerch Membere verstäerkt ginn, déi vun der Regierung genannt ginn.

En Audit vun der KPMG hat d’Realitéit vu Facturen an Héicht vun 1,9 Milliounen Euro a Fro gestallt, déi GGM 11 a Rechnung gestallt hat.