Radioen

On air

Thé Dansant  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Chamber-Froestonn zu den Theeme Covid-Expertegrupp, Boergeld a Code pénal

Politik

Chamber-Froestonn zu den Theeme Covid-Expertegrupp, Boergeld a Code pénal

An der Chamber stoung gëschter um Dënschdegnomëtteg virun allem eng Froestonn un d’Regierung um Programm. Sujete waren do ënner anerem de Suivi vun der Covid-Pandemie, d’Zukunft vum Boergeld an d’Reform vum Code pénal.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Wat Covid ugeet hat d’Alexandra Schoos vun der ADR eng kloer Fro: An zwar déi, ob en onofhängegen Expertegrupp géif an d’Liewe geruff ginn, fir d’Effikassitéit vun de Mesuren aus der Covid-Zäit ze ënnersichen. D’Äntwert vun der Gesondheetsministesch awer war genee esou kloer.

D’Martine Deprez sot nämlech, datt keen esou en Expertegrupp géif agesat ginn.

“Mir hunn déi Rapporte gekuckt, déi do sinn, vun der OCDE, vun der OMS, iwwer Lëtzebuerg, a mir halen eis un dat, wat an der Motioun den 2. Mee gestëmmt ginn ass a wäerten am Kader vun der Loi santé publique alles opschaffen, wat opgeschafft gi muss.”

Boergeld: Ausdrock vu perséinlecher Fräiheet

De Laurent Mosar hat eng Fro un de Finanzminister a Saache Boergeld. Dat nodeems déi Europäesch Zentralbank annoncéiert huet, den digitalen Euro anzeféieren. Den CSV-Deputéierte wollt Informatiounen dozou hunn, ob dat en Impakt op d’Boergeld hätt. De Gilles Roth huet drun erënnert, datt et nieft Boergeld nach Kreditkaarte gëtt an digital Suen, mee ...:

“Richteg ass och, datt 59 Prozent vun den Transaktioune mat Geld nach ëmmer mat Boergeld gemaach ginn, a 37 Prozent vun de Leit - och dat ass erstaunlech - hunn nach ëmmer Cashreserven, also Boergeld, doheem.”

D’Boergeld wier weiderhin een Ausdrock vu perséinlecher Fräiheet vun de Leit a géif duerch den digitalen Euro net a Fro gestallt ginn. Villméi wieren déi zwee complementaire, esou de Finanzminister. Boergeld wier als gesetzlecht Bezuelmëttel iwwregens och geschützt.

Froen zur Reform vum Code pénal

Wat bréngt d’Reform vum Code pénal mat sech? Dat huet den Dan Biancalana vun der LSAP d’Justizministesch gefrot. D’Elisabeth Margue huet eng Reform an 3 Etappen ugekënnegt, bei där et fir d’éischt ëm d’Sträiche vun Dispositioune geet, ënner anerem a puncto einfacht Heeschen.

“Mir wäerten dann ee fir allemol déi eraushuelen. D’Mendicité aggressive wäerte mir reegelen am Sënn, datt mir net méi eng Konditioun vun engem Mënsch, nämlech de Fakt, datt een op der Strooss ass a keng Aarbecht huet, repriméieren, well dat däerf net sinn, mee datt mir d’Verhale wäerte repriméieren.”

D’Upasse vum Strofmooss an eventuell nei Dispositioune géifen déi zwou aner Etappen duerstellen.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Gesondheet
Politik
Wirtschaft