Radioen

On air

Notturno  |  Field Music - No Pressure

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gilles Roth: 5 Milliounen Euro fir d'Caritas goufen nach net iwwerwisen

Finanzen

Gilles Roth: 5 Milliounen Euro fir d'Caritas goufen nach net iwwerwisen

Aktuell sinn déi 5 Milliounen Euro, déi d’Regierung der Caritas als Prêt versprach huet, nach net iwwerwisen. Dat sot de Finanzminister Gilles Roth de Moien am 100,7-Interview. D’Fondatioun Caritas géif nach driwwer beroden.

auto_stories

2 min

headphones

14 min

© Jo Diseviscourt play_arrow
Foto: Jo Diseviscourt

De Staat huet der Caritas ee Kredit vu 5 Milliounen Euro accordéiert. Dem CSV-Finanzminister no géif d’Caritas elo nach eng leschte Kéier definitiv driwwer befannen, ier d’Suen dann och effektiv iwwerwise wäerte ginn.

Wann d’Ënnerschrëften all gesammelt sinn, da wäerten d’Suen och zäitno iwwerwise ginn, esou de Gilles Roth. Hien huet am 100,7-Interview och preziséiert, wat déi 5 Milliounen Euro genau sinn.

“Dat ass engersäits déi Prestatioun, déi d'Caritas fir de Staat geleescht huet, wou nach déi lescht Dekonten net gemaach sinn, fir déi en Avance kënnen ze bezuelen. Da sinn et och d'Fournisseuren an d'Prestataires de services, déi d'Caritas huet.”

Domat wier sengen Informatiounen no och séchergestallt, datt den “Embryo vun der Caritas” seng Aktivitéite kéint weiderféieren.

Mindestloun: Equiliber muss fonnt ginn

Zum Budget 2025 huet de Gilles Roth betount, datt Lëtzebuerg eng kompetitiv Wirtschaft bréicht. Dat kéim awer mat gewësse Konditiounen.

"Wa mir gären eng kompetitiv Wirtschaft hunn, da kann de Staat net vun uewen erof diktéieren, datt de Mindestloun ëmmer permanent, permanent an d'Luucht geet, an datt kee Mënsch méi Leit astellt. Well de Patron mécht och ëmmer seng Rechnung, muss och kucken, datt säi Betrib wirtschaftlech funktionéiert." 

Genau dofir misst de Patron e gesonden Equiliber fannen, esou nach de Finanzminister.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Caritas
Politik
Wirtschaft