Scho gutt ee Mount iert de Finanzbedruch vun 61 Milliounen Euro bei der Caritas opgeflunn ass, hat den Tom Brassel op d'mannst ee Member aus dem Verwaltungsrot op verschidde Kreditlinnen opmierksam gemaach, seet de fréieren Operatiounschef, souwuel am 100,7-Doku-Podcast "Zeenewiessel", ewéi och haut um Mëttwochmoien an der zoustänneger Chamberkommissioun. An d’Gouvernance wier schwaach gewiescht.
No der Sëtzung hunn d’Regierungsparteien aner Conclusioune wéi d’Oppositiounsparteie gezunn.
Zesummenaarbecht mam Bistum a Fro gestallt
D’Regierungsparteie gesi sech an hiren Aussoe bekräftegt, datt d’Entscheedung vun der Regierung déi richteg war, fir kee Cent méi u Caritas ze ginn. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann huet dozou no der Sëtzung d'Conclusioun gezunn, d'Caritas wier zum Zäitpunkt vum Bedruch eng "Organisatioun ouni Kapp" gewiescht.
Déi grav Dysfonctionnementer an der Caritas wieren de Grond, firwat et zu der "Katastroph" komm wier, esou den CSV-President Charel Weiler. An esou huet hien och d’Aussoe vum Tom Brassel verstanen.
"Den Här Brassel huet haut och gesot, faktesch wier et eventuell méiglech gewiescht, fir eng Caritas-intern Léisung ze fannen. Mee hien huet awer a Fro gestallt, ob mat deene Leit, notamment mam Bistum, och méiglech gewiescht wier, iwwerhaapt kënnen eng nei Struktur innerhalb vun der Caritas opzebauen."
Een Tirang voller Projeten?
Och den LSAP-Deputéierte Franz Fayot gesäit déi schwaach Gouvernance an der Organisatioun als Ursprong fir d’Fraude. Trotzdeem wier dat kee Grond gewiescht, fir d’Caritas net ze retten. Déi organisatoresch Dysfonctionnementer géifen net d’Entscheedung vun der Regierung rechtfertegen, esou de Franz Fayot.
D’Aussoe vum Tom Brassel hätt hien och esou verstanen, datt et duerchaus Méiglechkeete gi wier, fir eng Caritas-intern Léisung ze fannen. Där Meenung ass och de lénken Deputéierte Marc Baum. Och hien zitt aner Conclusiounen aus den Aussoe vum Tom Brassel.
"(...) datt quasi am Tirang Projete geleeën hätte fir eng komplett nei Struktur vun der Caritas, mat och enger kompletter anerer Gouvernance-Struktur. Déi Pabeiere sinn et ginn an et hätt een och déi einfach kënnen eraushuelen an ëmsetzen."
Fir Erklärungen ze kréien, firwat dat esou net geschitt ass, huet d’Spezialkommissioun fir déi nächst Sëtzungen déi zwou concernéiert Banke Spuerkeess a BGL, grad ewéi den Ausseminister Xavier Bettel, d’Justizministesch Elisabeth Margue an de Premier Luc Frieden invitéiert.