Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Caritas-Spezialkommissioun: Peinlecht Verhale vun der CSV, esou d'Taina Bofferding

No der Ernennung vun engem neie President

Caritas-Spezialkommissioun: Peinlecht Verhale vun der CSV, esou d'Taina Bofferding

Datt d'Presidence vun der Caritas-Spezialkommissioun elo nees eng Kéier gewiesselt huet, beschreift d'Rapportrice vun där Kommissioun als wéineg professionell. Der Taina Bofferding no hätten dës Ëmstänn och ganz einfach evitéiert kënne ginn.

auto_stories

2 min

headphones

13 min

play_arrow

Et gouf nom Caritas-Finanzskandal keng aner Alternativ wéi d'Grënnung vun der HUT ASBL, déi d'Aktivitéite vun der Caritas iwwerholl huet. Dat hätt de President vun HUT, de Christian Billon, gëschter an der parlamentarescher Caritas-Spezialkommissioun esou ënnerstrach, sot no der Sitzung den neie Kommissiounspresident Charel Weiler vun der CSV.

Nom "gréisste Finanzskandal an eiser Geschicht" hätt relativ urgent misste gehandelt ginn.

"Extreem peinlech"

D'LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding ass Rapportrice vun dëser Kommissioun. Si huet am 100,7-Interview widderholl, datt et ni e Wëlle gouf, fir d'Caritas ze retten.

Den 10. Abrëll soll d'Chamberkommissioun hir Aarbecht ofgeschloss hunn. Et goung scho vill Zäit verluer mat de Presidence-Wiesselen, déi op CSV-Säit gemaach gi sinn, esou d'Taina Bofferdeng.

"Et war net ganz professionell. Ech mengen, do ass awer d'CSV, déi sech scho muss a Fro stellen. Ech mengen, gläich war awer esou zimmlech jidderee vun hire Memberen an der Kommissioun eng Kéier President."

Et wieren doriwwer eraus Saache gewiescht, déi een och am Virfeld hätt kënne klären, esou d'LSAP-Politikerin. "Eemol kann et virkommen", seet d'Taina Bofferding. Mee eng drëtte Kéier wier schonn "extreem peinlech".

Interessekonflikter bei Weydert an Zeimet

D'Caritas hat rezent ee Bréif un d'Chamber geschéckt an deem si Bedenken iwwer ee méiglechen Interessekonflikt vun der Stéphanie Weydert geäussert hat. Dat, well si nach als Affekotin bei Arendt&Medernach gemellt ass, an déi vertrieden eng vun de Banken am Dossier. Doropshi gouf de Bâtonnier an den Ethikcomité vun der Chamber mat der Fro saiséiert. Als Konsequenz ass d'Stéphanie Weydert als Presidentin mat Effet immédiat zeréckgetrueden.

Der Stéphanie Weydert hire Partei- a Fraktiounskolleeg Laurent Zeimet ass wéinst Interessekonflikter d'Presidence a souguer d'Memberschaft vun där Spezialkommissioun guer net ugetrueden.

Lauschterenplay_arrow