Offiziell wousst de Caritas-Verwaltungsrot bis de 15. Juli 2024 net, datt d'Caritas an den zwee Méint virdrun iwwer 30 Millioune bei de Banke geléint hätt. Suen, déi och all wärend der Fraude geklaut goufen.
Vizepresident wëllt sech op Nofro hin net äusseren
An der drëtter Episod vun eiser Serie "Carambolage" seet de fréieren Operatiounschef Tom Brassel awer, hien hätt den héije Beamte Pit Bouché de 6. Juni 2024 doriwwer informéiert, datt d'Caritas grouss Kreditlinne bei de Banken opgemaach hätt. Enn Juni hätten déi zwee nach eng Kéier bei engem Mëttegiessen doriwwer geschwat.
De Pit Bouché, Vizepresident vum Verwaltungsrot vun der Fondatioun Caritas a President vu Caritas Accueil et Solidarité, wollt sech op Nofro hin dozou net äusseren.
Den Tom Brassel beschreift eng Caritas, déi zur Zäit vun der Fraude als Organisatioun gestresst gewiescht wier. An de Jore virdru wieren déi sozial Aktivitéiten, ënner anerem am Flüchtlingsberäich, ganz séier gewuess, quasi "explodéiert".
Haut um Mëttwochmoien huet den Tom Brassel eng Entrevue mat der Caritas-Spezialkommissioun vun der Chamber.
Bedruch hätt kënne méi wéi eemol opfléien
D'Finanzdirektesch, déi wéinst de frauduléise Virementen a Spuenien inculpéiert ass, hätt hien am Juni gefrot, fir d'Kreditlinnen ze ënnerschreiwen. Hien hätt erkläert kritt, datt et just als Sécherheet geduecht wier, falls et géif Liquiditéitsschwieregkeete ginn. Hien hätt vun der Finanzdirektesch net gesot kritt, datt d'Konte schonn déif am Minus wieren.
"Wann ech eng Kreditlinn ënnerschreiwen, dann ass et net fir mech virstellbar, datt déi och schonn ausgi ginn ass, dee Moment, wou ech se ënnerschreiwen. Dat sinn ech herno gewuer ginn."
D'Fraude vun 61 Milliounen Euro ass eréischt de 16. Juli 2024 entdeckt ginn. Bis an de Juli goufe frauduléis Virementen a Spuenie gemaach.
100,7-Recherchë fir den Zeenewiessel-Podcast weisen, datt de Bedruch méi wéi eng Kéier hätt kënnen - oder missen - opfléien. Well dat net geschitt ass, gouf d'Envergure vun der Fraude ëmmer méi grouss.
Déi drëtt Episod iwwer de Fonctionnement vun der Caritas-Generaldirektioun kënnt Dir online am Zeenewiessel lauschteren.