Radioen

On air

9 bis 1  |  Jamila Woods - Tiny Garden Feat. Duendita

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Directrice vu Caritas Jeunes et Familles ass entsat iwwer d'Positioun vum OGBL

No Fräistellung vu 4 Personalvertrieder

Directrice vu Caritas Jeunes et Familles ass entsat iwwer d'Positioun vum OGBL

Um Mëttwochmoien, 10 Auer, wäert den OGBL op enger Pressekonferenz d'Direktioun vu Caritas Jeunes et Familles schaarf attackéieren. Dat geet schonn aus der Invitatioun op dee Rendez-vous ervir, an där vun enger Attack op d'Personaldelegatioun "wéi et nach keng gouf", rieds ass, grad ewéi vun der "inacceptabeler Fräistellung" vu 4 Personalvertrieder.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

play_arrow

Caritas Jeunes et Familles, eng vun där fréierer Fondatioun Caritas komplett onofhängeg Struktur, déi och net vun der Fraude betraff war, huet scho virun deem OGBL-Rendez-vous géigeniwwer vun der Press Stellung geholl. An enger Kommunikatioun un hir ronn 750 Mataarbechter, déi och un d'Press verschéckt gouf, déi awer d'Hannergrënn vun der Affär net an allen Detailer erkläert. Oder och net erkläre kann, well do juristesch Prozeduren amgaange sinn.

Kee Vertraue méi do

D'Carina Gonçalves, Generaldirectrice vu Caritas Jeunes et Familles, wëllt am 100,7-Interview just esou vill zu der Fräistellung vu 4 Personaldelegéierte soen: Ee Mataarbechter wier net schaffe komm, esou wéi hien hätt sollte schaffe kommen. 

"An dat ass awer eng Basis vun engem Contrat de travail: Déi dierfen net vun haut op muer decidéieren, wat si maachen a wat si net maachen. Do ass och den Droit du travail ganz kloer."

Wat nach dobäi kéim, an der Carina Gonçalves no nach méi schlëmm wier, dat ass, datt d'Vertrauensbasis gebrach gouf.

"E Personaldelegéierten ass jo als éischt mol e Mataarbechter vun engem Betrib oder vun enger Organisatioun. A wann dee falsch Aussoe mécht am Kader vun enger Affär um Geriicht, dann ass do, géif ech elo mol soen, d'Vertrauensbasis net méi wierklech do. An d'Vertrauensbasis ass ee vun de wichtegen Elementer vun engem Aarbechtskontrakt."

Eng Mise à pied

Déi véier Personalvertrieder sinn net entlooss, mee fräigestallt ginn: D'Carina Gonçalves erkläert d'Nuance tëschent enger Mise-à-pied (ëm déi et an dësem Fall geet) an engem Licenciement.

"D'Memberen an enger Organisatioun, déi an der Personaldelegatioun sinn, si vum Gesetz protegéiert, soudatt si net dierfen entlooss ginn. Dat eenzegt, wat d'Gesetz virgesäit, ass wann eng Faute grave vun engem Member vun der Personaldelegatioun gemaach ginn ass, da kann de Patron eng Mise à pied maachen."

Eng Mise à pied heescht, datt dem Mataarbechter seng finanziell Rechter bäibehale ginn, bis datt d'Geriicht tranchéiert huet, ob de Patron Recht hat oder Onrecht. Réischt duerno kann et zur eventueller Entloossung kommen. 

David géint Goliath

Datt den OGBL hir Organisatioun elo esou schaarf attackéiert, doriwwer ass d’Generaldirectrice vu Caritas Jeunes et Familles entsat. Si géing sech bëssen an enger Situatioun wéi David géint Goliath fillen.

"Do si mir den David, mee mir hunn hei keng aner Optioun a mir kënne verschidde Saachen net zouloossen. An och wann et ëm Leit geet, déi vum OGBL ënnerstëtzt ginn. An ech sinn entsat, well ech der Meenung sinn, datt den OGBL op jidde Fall an enger ganzer onbequeemer Situatioun ass, well e kann et aneschters maachen, wéi déi Delegéierten ze verteidegen, och wa se net ze verteidege sinn."

 

Lauschterenplay_arrow