Radioen

On air

Nei Musek  |  Eng Hal voller Maschinnen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hëllef fir Betriber: Manner Ënnerstëtzung fir fossil Energien

Projet de loi

Hëllef fir Betriber: Manner Ënnerstëtzung fir fossil Energien

An Zukunft sollen déi fossil Energien net méi ënnerstëtzt, respektiv staark encadréiert ginn, wann et ëm Hëllefe fir Betriber geet. Den deementspriechende Projet de loi gouf vum Minister Lex Delles an der Wirtschaftskommissioun vun der Chamber presentéiert. Wat Privatstéit ugeet feelen awer nach konkret Informatiounen.

auto_stories

2 min

Fossil Energie | © Bigstock
Foto: Bigstock

Ëm d’Hëllefe fir Betriber a Saachen Ëmwelt- a Klimaschutz goung et de Moien an der Wirtschaftskommissioun vun der Chamber. De Minister Lex Delles huet do den entspriechende Projet de loi virgestallt, deen hien den 21. Mee deposéiert huet.

De Gesetzprojet gesäit ënner anerem vir, datt an Zukunft d’fossil Energien net méi ënnerstëtzt oder awer staark encadréiert ginn. 

D’LSAP an déi gréng fannen d’Stoussrichtung vun deem Text positiv.

Méi Informatiounen bei der Ried zur Lag vun der Natioun?

Wat d’Hëllefe fir d’Privatstéit ugeet, sou wier een an der Finalisatioun, huet de Minister haut erkläert. Et géif dobäi ëm eng Panoplie vun Dossiere goen.

“Et geet op där enger Säit ëm den Energiepräisdeckel, deen am Moment nach en place ass, wou d’Regierung ganz kloer gesot huet, datt mir wäerte fir den Energiepräisdeckel fir 2025 e Phasing-out maachen. Op där anerer Säit geet et awer och ëm déi ganz Paquete vu Klimabonusmesuren, Elektromobilitéitsaiden."

Beim Volet Famill geet et iwwerdeems drëms, deenen Äermsten an der Gesellschaft kënnen ze hëllefen, wou dem Minister no och aktuell dru geschafft géif ginn.

Méi Prezisioune sollen awer 100,7-Informatiounen no en Dënschden am Premier Luc Frieden senger Ried zur Lag vun der Natioun ugekënnegt ginn.

Aktualitéit
Politik
Wirtschaft
Ëmwelt