Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Thee Marloes - Over

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Chômage partiel conjoncturel gëtt net verlängert

Aarbechtsministère

De Chômage partiel conjoncturel gëtt net verlängert

Tëscht Februar a Mee hunn 52 Entreprisen aus dem Bausecteur Chômage partiel accordéiert kritt. Dat äntwert den Aarbechtsminister Georges Mischo op eng parlamentaresch Fro vun der LSAP. 

auto_stories

1 min

Georges Mischo | © ADEM
Den Aarbechtsminister Georges Mischo vun der CSV. (Foto: ADEM)

Vum Chômage partiell betraff si ronn 450 Leit. Dem Fonds pour l‘emploi kascht dat iwwer 507.000 Euro. Dat war de Stand Enn Juni.

De Minister confirméiert dann och, datt de Chômage partiel conjoncturel, dee jo als temporär Mesure agefouert gi war, fir Aarbechtsplazen ze erhalen, net verlängert gëtt.

An hie confirméiert och, datt eng Rëtsch Betriber, déi eng Demande gestallt haten, kee Chômage partiel accordéiert kritt hunn. Déi Mesure wier ganz strikt applizéiert ginn, fir keng deloyal Konkurrenz am Secteur ze schafen, sou den Aarbechtsminister.