Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Science Center: Claude Meisch dreet mam Enn vum staatleche Finanzement

Gouvernance-Problemer

Science Center: Claude Meisch dreet mam Enn vum staatleche Finanzement

D’Gouvernance-Problemer missten an aller Transparenz opgeschafft ginn: Déi Ausso huet de Claude Meisch gëschter Mëtten am Zesummenhank mam Science Center gemaach. Falls sech näischt ännert, da kéinte geschwë keng Sue méi fléissen, esou de Minister.

auto_stories

2 min

headphones

1 min

© Chambre des députés play_arrow
Foto: Chambre des députés

RTL hat gemellt, datt en Audit vu KPMG virléie géing, laut deem Rechnungen an Héicht vun 1,9 Milliounen Euro net beluecht wieren.

Dem Educatiounsminister no war ënner anerem gefuerdert ginn, datt d’Statute vun der ASBL sollte geännert ginn, fir d’Presenz vu Vertrieder vum Staat ze erméiglechen.

“Dat schéngt ënnerwee ze sinn, hätt awer éischter kënne geschéien.”

Virun allem awer misst den Interessekonflikt ophéiere vum President vun der ASBL Nicolas Didier, deen och Generaldirekter vun enger Entreprise ass, déi quasi exklusiv fir d'ASBL schafft a mat ëffentleche Sue finanzéiert gëtt.

“Mir wëllen, dass keen Interessekonflikt méi ass ëm eng Persoun, egal wien dat ass. Déi Konditioun ass kloer, an déi muss, wéi déi aner eben och, erfëllt ginn, fir eng bonne Gouvernance einfach ze assuréiere vun där Struktur a fir da kënnen zesummen no vir ze kucken. Bleift et bei deem wéi et haut ass, oder ginn déi Konditiounen net erfëllt, da gesinn ech leider keen aneren Auswee méi, wéi dee Finanzement, dee mir haut assuréieren, vu bal 3 Milliounen Euro Joer ze stoppen.”

Ouni Changementer kéim et deemno net zu enger Verlängerung vun de Konventiounen, déi de Finanzement vum Science Center sécherstellen, esou de Minister.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Edukatioun
Politik