Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Marc Wagener: Verschidde Wirtschaftssecteure sinn nees liicht optimistesch

Lëtzebuerger Wirtschaft

Marc Wagener: Verschidde Wirtschaftssecteure sinn nees liicht optimistesch

D’Wirtschaft wier de Moment nach an enger “Talsohle”. A verschiddene Secteure kéim awer ee klengen Optimismus zeréck, esou den neien UEL-Direkter Marc Wagener am 100,7-Interview. Et wier awer net einfach, kompetitiv ze bleiwen.

auto_stories

4 min

headphones

17 min

Marc Wagener | © Jo Diseviscourt play_arrow
Foto: Jo Diseviscourt

 

De Finanzsecteur géif sech lues a lues erkrabbelen. An anere Secteure wéi dem Bau, der Horeca oder der Industrie géifen et Entreprisë ginn, déi virsiichteg manner pessimistesch sinn. Euphorie géif et awer net ginn.

Eng Erausfuerderung an alle Secteure wier et, Personal ze fannen an ze halen, huet den Direkter vun der “Unioun vun den Entreprisen” Marc Wagener erkläert.

"Mir wëssen, dass mir och um Niveau vun de Frontalieren extrem ofhängeg eigentlech sinn. D’Hallschent vun der Beschäftegung si Frontalieren. Mir kennen d’Logementsproblemer. Dat heescht op Lëtzebuerg Leit unzezéien ass schwéier. Mir kennen och Mobilitéitsenkpäss, wou mir zwar ganz vill investéieren, wat och gutt ass. Fir op Lëtzebuerg ze kommen ass och net einfach."

Da kéimen nach déi steierlech Gegebenheeten dozou oder och den Teletravail. "Ech mengen, dat ass wierklech keen einfache Match.", esou de Marc Wagener, dee beim Patronatsdaachverband UEL den Nofollger vum Jean-Paul Olinger ass, deen elo Direkter vun der Steierverwaltung gouf.

De Problem mat der Kompetitivitéit

Een Theema war och d’Kompetitivitéit. De leschte Mount hat et geheescht, datt déi Lëtzebuerger Wirtschaft ëmmer manner kompetitiv ass.

Dat op Basis vun enger Etüd vum Schwäizer Institut IMD. An dësem Klassement koum Lëtzebuerg nëmmen nach op déi 23. Plaz vu 67 analyséierten Ekonomien. Dat war ee Minus vun 10 Plaze bannent zwee Joer. Den IMD géing e Sammelsurium vun Indicateuren zesumme kucken.

"Dat ass ëmmer e villschichtege Problem. Kompetitivitéit ass net nëmmen d'Produktivitéit - also d'Capacitéit, fir eppes hierzestellen an enger gewëssener Aarbechtszäit - mee et sinn och Saache wéi Energie, wéi Infrastrukturen, wéi Lounkäschten, wéi Mobilitéit a Logement." "

Nohuelbedarf géing et virun allem bei der Infrastruktur ginn, wou Lëtzebuerg just op der 24. Plaz läit. Dobäi kommen d’Lounkäschten, déi duerch fënnef Indextranchë staark an d’Luucht gaange sinn.

"Mir hunn elo manner Produktivitéit wéi virun 2020. Dat heescht d'Lounkäschte lafe weider, mee d'Kapazitéit, mat enger Aarbechtsstonn méi Valeur ze schafen, déi ass net rop gaangen. Dat heescht, do hu mir iergendwou e Gap an dat geet op d'Margë vun den Entreprisen an dat ass laangfristeg eng Tendenz, déi net nohalteg ass."

Wat kann nach verbessert ginn?

Wou muss dann do virun allem géigegesteiert ginn? Wat muss d'Regierung zousätzlech ënnerhuelen zu deem, wat ëm e Regierungsprogramm steet, wat an der Ried zur Lag vun den Natioun ugekënnegt ginn ass?

De Marc Wagener ass der Meenung, datt d'Produktivitéit manner a virun allem besser reglementéiert misst ginn. Et wier och eng Saach vun Absenteismus, deen extreem eropgaangen ass, an deen d'Entreprisen och desorganiséiert, mengt de Marc Wagener. D'Simplification administrative an Digitalisatioun si weider Moossnamen, déi ee weider dreiwe misst.

Fir nei Talenter unzezéie wier iwwerdeems déi sougenannte Prime participative e gudden Usaz. D’Steierpolitik wier ënnert dem Stréch awer net alles, mee e wichtegt Fundament, op deem d’Kompetitivitéit fousst, esou de Marc Wagener.

Pensiounssystem: Patronat a Gewerkschafte si sech net eenz

D’Regierung wëllt vum Hierscht un eng Debatt iwwert de Pensiounssystem féieren. Am Virfeld dovu soll de Wirtschafts- a Sozialrot d’nächst Woch säin Avis zum Theema verëffentlechen. 

An dësem Avis wäert et keng gemeinsam Positioun tëschent Patronat a Gewerkschafte ginn. Dat huet de Marc Wagener am 100,7-Interview confirméiert.

D’Patronat géif probéieren an dëser Debatt Verantwortung ze iwwerhuelen, an hätt näischt an dëser Debatt ze gewannen, esou de Marc Wagener. Hien huet an deem Kontext dorun erënnert, datt an de leschten zwee Joer hei am Land manner Aarbechtsplaze geschafe goufen.

"Wa mir eis mol eens sinn, iwwert d’Bestandsopnam, dat ass – mengen ech – den éischte Schrëtt fir eis kënnen eens ze ginn, iwwer Mesuren. Mee ech denken, och bei de Mesurë wäert et schwéier ginn, well ech mengen d’Gewerkschaften hu jo net ausgeschloss, dass et zu Cotisatiounserhéijunge kéint kommen. Dat ass fir eis natierlech déi falsch Léisung."

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik
Politik a Gesellschaft
Wirtschaft