arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg bleift bei der Entwécklungshëllef finanziell engagéiert

Gilles Roth verséchert

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Lëtzebuerg bleift bei der Entwécklungshëllef finanziell engagéiert

Bei der Entwécklungshëllef bleift Lëtzebuerg bei senge finanziellen Engagementer. Dat huet de Finanzminister Gilles Roth gëschter Donneschdeg um Bord vun engem Meeting am Konferenzzenter um Kierchbierg verséchert.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
De Gilles Roth beim Meeting vum FMI um Kierchbierg. | © SIP / Emmanuel Claude
De Gilles Roth beim Meeting vum FMI um Kierchbierg. (Foto: SIP / Emmanuel Claude)

Um Kierchbierg sinn zënter gëschter a bis haut nach d'Finanzministeren an d'Zentralbank-Gouverneure vu 16 Memberlänner vum internationale Wärungsfong FMI zesummen.

Net alles de Militärdepensen ënneruerdnen

Déi 16 Länner si beim Internationale Wärungsfong zesummen an engem Groupe de Vote. Nieft de Benelux- a Balkanlänner sinn och d'Ukrain an Israel do derbäi. De sougenannte "constituency Meeting" vun deem Grupp ass fir d'éischte Kéier zu Lëtzebuerg, erkläert de Finanzminister Gilles Roth.

"Et geet drëms fir ze diskutéieren, wéi soll et virugoe mat der Weltwirtschaft."

An Zäite vu globale Spannungen a méi héije Militär- a Verteidegungsausgabe wier et net einfach, d'Staatsbudgeten am Equiliber ze halen, esou de Minister. Dobäi wier et wichteg, "datt déi sozial Ausgaben, déi ekologesch Ausgaben an déi digital Ausgabe fir d'Zukunft net beanträchtegt sinn duerch gesteigerte Militär-Effort."

Lëtzebuerger Finanzplaz profitéiert

Bei der Entwécklungshëllef, wou d'USA an aner Länner massiv Sue gestrach hunn, géif Lëtzebuerg bei sengen Engagementer bleiwen, esou nach de Gilles Roth.

"Eis Entwécklungshëllef, wann een alles zesummenhëlt, da leie mir praktesch bei 1,3, 1,4 Prozent vun eiser Wirtschaftsleeschtung, wat enorm ass. Dat ass gewollt. An ech hunn och deene Leit vun der Weltbank assuréiert, datt trotz deene gesteigerte Militärausgabe mir net wäerten an deene Programmen eroffueren, wou mir engagéiert sinn."

Dat wier ee vun de Grënn, firwat Lëtzebuerg beim Internationale Wärungsfong a bei der Weltbank als zouverlässege Partner géif ugesi ginn, an dat hätt och e Retour fir d'Lëtzebuerger Finanzplaz, esou nach de Finanzminister Gilles Roth.

"Déi Kollaboratioun tëschent der Weltbank, tëschent dem FMI a virun allem der Weltbank, hire Programmen an der Entwécklungshëllef global gesinn an Afrika, an Ozeanien, an dem latäinamerikanesche Kontinent, déi lafe vill iwwer d'Lëtzebuerger Finanzprodukter, eis Bourse, eis Fongenindustrie. Also mir gi sécherlech net méi aarm duerch déi Sitzung, déi haut ass."

Et ass e reegelméisseg Rendez-vous, dee vun eenzele Memberstaate vum FMI organiséiert gëtt. Zu Lëtzebuerg geet et déi nächst zwee Deeg ëm d'Fro vun de wirtschaftlechen Enjeuen an ëm eng méi fragmentéierter an onsécher Welt.

play_arrow Lauschteren