Radioen

On air

Moiesstudio  |  Uwe Jun

play_arrow Live
search

/ Sam Tanson: Déi Jonk kéinte wärend dëser Legislaturperiod zu de Verléierer zielen

Déi Gréng

Sam Tanson: Déi Jonk kéinte wärend dëser Legislaturperiod zu de Verléierer zielen

Déi Jonk riskéieren zu de Verléierer vun dëser Legislaturperiod ze gehéieren, esou d’Warnung vun der grénger Deputéierter Sam Tanson de Mëtteg an der Debatt iwwert d’Ried zur Lag vun der Natioun. Vermësst huet si doran nämlech Visiounen zu Klima- an Naturschutz.

auto_stories

1 min

D’Regierung géif keng éierlech a kohärent Politik an dësem Beräich maachen.

"Politescht Zil vun der Regierung sollt et sinn, d’Bewosstsinn ze stäerken, datt mir all an engem Boot sëtzen, an op der Basis dovunner gesellschaftleche Réckhalt ze schafe fir ambitiéis a progressiv Projete fir d’Zukunft."

Lauschterenplay_arrow

Net ee géint den aneren ausspillen an dobäi d'Ëmwelt, déi Jonk an déi aarm Deeler vun der Gesellschaft op der Streck loossen, fir "den 'happy few' hir Privileegien ofzesécheren". Dat war d'Warnung vun der Sam Tanson.

An den Debatten iwwert d’Ried zur Lag vun der Natioun huet déi gréng Deputéiert Sam Tanson iwwerdeems och virgerechent, datt déi ugekënnegt Steierreduktiounen an den Effort de Defense an Zukunft zesummen 1,2 Milliarden Euro pro Joer wäerten ausmaachen.