Radioen

On air

Tockcity  |  Kneecap - Parful

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gilles Roth: Och Lëtzebuerg ass op alternativ Finanzéierungsméiglechkeeten ugewisen

EU-Finanzministeren

Gilles Roth: Och Lëtzebuerg ass op alternativ Finanzéierungsméiglechkeeten ugewisen

Soll d’EU hir Budgetsreegele labberen, fir et de Länner méiglech ze maachen, méi Suen an d’Defense ze stiechen? Dat dierf just zäitlech limitéiert an och just fir Depensen, déi sech kloer op d’Verdeedegung konzentréieren, gemaach ginn, sou de Finanzminister Gilles Roth um Bord vun enger Reunioun zu Bréissel.

auto_stories

2 min

De Lëtzebuerger Finanzminister Gilles Roth. | © European Union
De Lëtzebuerger Finanzminister Gilles Roth. (Foto: European Union)

D’Europäesch Unioun wier an enger aussergewéinlecher Situatioun an d’EU misst séier zesummen handelen, sou de Gilles Roth zu Bréissel, wou sech e Méindeg an an en Dënschdeg d’Finanzministeren aus de 27 EU-Länner gesinn. Dowéinst wier et och richteg, iwwer nei Finanzéierungsweeër nozedenken.

EU denkt iwwer alternativ Finanzéierungsweeër no

D’Reflexiounen an der Europäescher Unioun doriwwer, wéi méi héich Investissementer an d’Defense kënne méiglech gemaach ginn, goufen duerch déi rezent Aussoe vu Säite vun den amerikaneschen Autoritéiten däitlech acceleréiert.

Eng Partie Finanzministeren hunn um Bord vun hirer Reunioun zu Bréissel d’Propos vun der Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen begréisst, fir extra Reegelen am Kader vum Stabilitéitspakt unzewennen.

Gilles Roth: Extra Budgetsmesuren dierfte just zäitlech limitéiert gëllen

Lëtzebuerg ass do net dergéint. De Finanzminister betount awer, datt dat misst kloer limitéiert ginn.

“Et ass natierlech elo eng aussergewéinlech Situatioun. An Europa muss schnell zesummen handelen. Duerfir, wann een dat, wat d'Madamm von der Leyen proposéiert huet, am Detail kuckt, a wann e wëllt an déi Richtung goen, da muss dat zäitlech limitéiert sinn. An et muss och ganz kloer am Viraus gesot ginn, datt dat keng allgemeng Reegel ass, déi iwwer d'Joren oder Joerzéngten wäert gëllen, mee dat just fir Militärausgabe gëllt.”

Méi fir d’Militär auszeginn, wéi bis elo geplangt, géif awer och Lëtzebuerg net eleng hikréien. Dofir misst een alternativ Finanzéierungsméiglechkeete mat a Betruecht zéien.

Dozou géing et och gehéieren, d’Mandat vun der Europäesch Investitiounsbank ze erweideren an dofir ze suergen, datt d’Bank mat Sëtz zu Lëtzebuerg méi Suen an Defenseprojete stécht. Och iwwer d’Méiglechkeet vun “Eurobonds”, also zesumme Scholden ze maache fir Militärdepensen, kéint een diskutéieren, sou den CSV-Politiker. Lëtzebuerg wier als Finanzplaz allerdéngs drop ugewisen, staark ëffentlech Finanzen ze hunn.