Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Say Yes Dog - On And On

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Problemer bei der Parteiefinanzéierung: D'Chamber mellt zwee Fäll beim Parquet

ADR an d'Piratepartei si betraff

Problemer bei der Parteiefinanzéierung: D'Chamber mellt zwee Fäll beim Parquet

D’Chamber huet dem Parquet Fäll vu Problemer bei der Parteiefinanzéierung am Joer 2023 gemellt: Dat huet de Generalsekretär vun der Chamber dem radio 100,7 haut op Nofro hi matgedeelt. Dobäi geet et ëm d’ADR an ëm d’Piratepartei.

auto_stories

1 min

De Chamberpresident Claude Wiseler hätt dem Procureur général een Avis vun de Presidente vun den zoustännege Chamberkommissioune weiderginn, zu den Irregularitéiten déi am Rapport vun der Cour des comptes constateiert gi waren, esou de Laurent Scheeck.

De Rechnungshaff hat festgestallt, datt kee vun de 60 ADR-Kandidate bei de Chamberwale mat Zäiten eng Déclaration sur l’honneur ofginn hat, fir ze bestätegen, datt si keng net deklaréiert Done vu méi wéi 250 Euro kritt hunn. Fir esou ee Verstouss si penal Sanktioune virgesinn.

Bei der Piratepartei hat d’Cour des comptes Onreegelméissegkeete bei Leasing-Verträg fir Autoe festgestallt.