Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Liberaliséierung vun den Ouvertureszäiten: OGBL an LCGB schloen nees Alarm

Regierung ënnergruewt Sozialdialog

Liberaliséierung vun den Ouvertureszäiten: OGBL an LCGB schloen nees Alarm

Den OGBL an den LCGB schloen op en neits Alarm wéinst de geplangte Reforme vun den Ouvertureszäiten am Commerce a vun der Sonndesaarbecht. D’Gewerkschafte schwätze vun engem soziale Réckschrëtt: Dës Mesurë géifen d’Liewens- an Aarbechtszäite vun de Salariéen zerstéieren.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

Déi gemeinsam Pressekonferenz vum OGBL an de LCGB. | © OGBL play_arrow
Déi gemeinsam Pressekonferenz vum OGBL an de LCGB. (Foto: OGBL)

E Gesetzesprojet vum DP-Wirtschaftsminister Lex Delles gesäit eng Liberaliséierung vun den Ouvertureszäite vir: An der Woch vu moies 5 bis owes 22 Auer a weekends an op Feierdeeg vu moies 5 bis owes 19 Auer.

Dëst géif awer am Widdersproch zu enger Etüd vum LISER aus dem Joer 2018 stoen, aus där ervir geet, datt eng Majoritéit vun de Salariéen net sonndes a spéit owes schaffe wëll. Den zoustännege Minister géif d’Realitéit um Terrain ignoréieren, kritiséiert den OGBL-Zentralsekretär David Angel.

“Den Här Delles seet, hie wéilt d'Gesetz reforméieren, fir Gläichheet virum Gesetz ze hunn. Mee Dir sidd et dach selwer, déi d'Gesetz jorelaang ausgehiewelt hutt, andeems Dir Joer fir Joer Derogatioune geholl hutt, fir d'Laden-Ëffnungszäiten, wéi se am Gesetz virgesi sinn, ze ëmgoen. Wann d'Gesetz haut net méi un d'Realitéit ugepasst ass, ma da sidd Dir selwer responsabel dofir, Här Delles.”

"D‘Lëscht vu soziale Grausamkeeten ass laang"

D’Gewerkschafte fäerten, datt dës Reform een éischte Schrëtt wäert sinn, fir och an anere Beräicher d’Aarbechtszäiten ze flexibiliséieren, erkläert nach den David Angel.

"D'Lëscht vu soziale Grausamkeeten, déi dës Regierung plangt, déi ass laang. D'Gewerkschafte platt maachen, d'Kollektivverträg verwässeren an aushiewelen, eis Aarbechtszäite flexibiliséieren an eise Sozialmodell futti maachen."

Den OGBL an den LCGB fuerdere weider Reunioune mam Wirtschaftsminister, fir iwwerhaapt mol en Dialog ze lancéieren.

OGBL schwätz vun inhumaner Approche

D’Gewerkschaften hu betount, datt eng Flexibiliséierung näischt mat enger Moderniséierung ze dinn hätt. De Patrick Ourth vum OGBL huet vun enger inhumaner Approche geschwat.

"Här Minister Lex Delles, ech invitéieren Iech, fir mol e Mount an de Commerce schaffen ze kommen, mee net fir Är Pai, mee fir de Mindestloun esou wéi et üblech ass am Commerce."

National Demonstratioun Enn Juni

De Patrick Ourth ass iwwerzeegt, datt de Minister no sou enger Erfarung de Gesetzesprojet zeréckzéie géif. Dee läit aktuell an der zoustänneger Chamberkommissioun

De Gesetzesprojet läit aktuell an der zoustänneger Chamberkommissioun.

Fir géint dës Pläng ze protestéieren, ruffen d’Gewerkschaften zu enger nationaler Demonstratioun den 28. Juni op.

Lauschterenplay_arrow