Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Liberaliséierung vun den Ouvertureszäiten: Méi Etüden, manner Bauchgefill

Reaktioun vun der Oppositioun

Liberaliséierung vun den Ouvertureszäiten: Méi Etüden, manner Bauchgefill

D'Aarbechts- an d'Wirtschaftsministeren hätte gëschter um Mëttwochmëtteg an der zoustänneger Chamberkommissioun net déi néideg Informatioune geliwwert iwwer d'Noutwendegkeet vun enger Liberaliséierung vun den Ëffnungszäiten am Commerce an och iwwer d'Sonndesaarbecht. Där Meenung waren d'Deputéiert vun den Oppositiounsparteien, LSAP, déi Lénk, an déi gréng.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

© Adobe Stock play_arrow
(Foto: Adobe Stock)

Gëtt Sonndesaarbecht oder eng Flexibiliséierung vun Ëffnungszäiten iwwerhaapt vun de Salariéen, vun de Firmaen oder och de Clientë gefrot? Wéi een Impakt huet dat op villen Niveauen? Dat si Froen, op déi déi gréng Deputéiert Djuna Bernard keng Äntwert krut hätt.

"Den Impakt op den ëffentlechen Transport, op d'Familljeliewen, op d‘Salariéen, op d'Patronat, dass do keng Etüd virläit, keng Zuele virleien op, déi ee sech ka baséieren. Mir maache Politik op Basis vum Bauchgefill an dat bedaueren ech."

Wéini kënnt et zu engem "Sozialdësch"?

De Premier Luc Frieden hat jo wéinst den Onroue bei de Gewerkschafte gesot, hie géif e "Sozialdësch" aféieren. De Georges Engel vun der LSAP betount, et hätt een déi Gespréicher missten ofwaarden.

"Mir hunn déi zwee Ministere gefrot. Déi soten, si wieren och bei deem 'Sozialdësch' derbäi. Iwwer wat do géif geschwat ginn? Déi zwee Ministere konnten ons do guer näischt soen. Mir hunn awer do gesot fir ze waarden, wat op deem 'Sozialdësch' géif erauskommen, éier mir elo Gesetzer stëmmen, déi ee ganz groussen Impakt hunn op d‘Salariéen, op d‘Aarbecht, op dat soziaalt Liewen."

Virun der Chamber war eng Manifestatioun vum LCGB an dem OGBL géint d'Liberaliséierung vun den Ëffnungszäiten am Commerce. Den David Angel vum OGBL erkläert, datt d'Gewerkschafte fuerderen, datt d'Gesetz bis op Weideres op Äis geluecht soll ginn. 

"Mir hunn elo wéineg Retoure wat déi zwee Gesetzer ugeet iwwer d‘Sonndesaarbecht an iwwer d‘Ëffnungszäiten. Et soll jo ee 'Sozialdësch' stattfannen. Mir wëssen nach net, wéini, a mir hu gefuerdert, datt en attendant, datt deen net stattfonnt huet, datt d'Gesetz soll op Äis geluecht ginn."

De Minister waart d'Avisen of

Wéi eng Äntwert gëtt den Aarbechtsminister Georges Mischo op d'Fuerderung, de Gesetzesprojet op Äis ze leeën?

"Den Text zu der Sonndesaarbecht ass elo emol deponéiert, an do waarden ech op d‘Avisen. Do si jo verschidden Avise vun de Chamberen eran. Den Avis vum Conseil d‘état steet nach aus, an dee waarden ech elo mol of. Bis dohinner ännert sech näischt um Gesetzesprojet."

Zwee Gesetzesprojete sinn um Instanzewee: Fir an Zukunft d'Ëffnungszäiten am Commerce an och d'Sonndesaarbecht nei ze reegelen. Bei der Sonndesaarbecht gëtt et elo keng Obligatioun fir dës iwwer de Kollektivvertrag ze verhandelen an dobäi d'Gewerkschafte mat u Bord ze huelen.

Lauschterenplay_arrow