Radioen

On air

Moiesstudio  |  Sans Soucis - Dancing On This

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 2024 goufe manner Asyldemanden agereecht, dofir goufen et méi Refusen

Asylpolitik

2024 goufe manner Asyldemanden agereecht, dofir goufen et méi Refusen

Zejoert goufen zu Lëtzebuerg 2.018 nei Asyldemanden agereecht. Dat wier ee Réckgang vun 18 Prozent am Verglach mam Joer virdrun. Dat geet aus dem Rapport ervir, dee gëschter um Méindeg vun den Innen- a Familljeministere virun der Press presentéiert gouf.

auto_stories

2 min

© picture alliance/dpa | Axel Heimken
(Foto: picture alliance/dpa | Axel Heimken)

Am Beräich vun den Asylprozedure goufen zejoert 2.061 Decisioune getraff, dorënner waren et 500 Refusen, wat eng Hausse vu 26 Prozent duerstellt par rapport zum Joer 2023.

Asylstatut bei der Hallschent vun de Fäll accordéiert

Et wier de Wëlle vu béide Ministere Léon Gloden a Max Hahn, eng responsabel Asylpolitik ze féieren, huet et gëschter geheescht. D'Zil misst et virop och sinn, datt d'Leit, déi zu Lëtzebuerg eng Asyldemande areechen, fair behandelt ginn. Dat heescht, datt all Dossier genee ënner d'Lupp geholl gëtt.

2024 goufen deemno iwwer 2.000 Decisioune getraff. A ronn der Hallschent vun de Fäll kruten d'Leit een Asylstatut accordéiert. Wat d'Retouren ugeet, goufen et der d'lescht Joer 438. Dräi Véierels dovunner op fräiwëlleger Basis. 

Nei zanter leschtem Joer ass dann déi sougenannte Maison de Retour, wou Persounen a Famillen ënnerbruecht ginn, déi zeréck an hiert d'Land solle goen.

Dat deeglecht Liewen zu Lëtzebuerg

Nei ass och, datt Persounen, déi den Asylstatut kruten, ee Joer laang nach an enger Struktur vum ONA dierfe bleiwen. Fir dat virzebereede ginn d‘Integratiounsmoossnamen acceleréiert, esou de Familljeminister Max Hahn.

"Bis ewell gouf sech drop konzentréiert, Sproochecoursen unzebidden iwwer zwee Joer, zwou Stonnen den Dag. Dat hu mir am September geännert. Dat ass ab elo just nach ee Joer, véier Stonne pro Dag. Einfach well mir wëssen, dass d'Sproochebarrière ee grousst Hindernis ass fir d'Leit ab deem Moment, wou si dann de Statut eng Kéier kréien, fir si op den Aarbechtsmarché ze kréien."

Do donieft si Coursen en place gesat ginn, wou déi betraffe Leit iwwer de Fonctionnement vum deegleche Liewen hei zu Lëtzebuerg informéiert ginn. "Dat sinn einfach Demarchë, Banken, Dokteschrechnunge bezuelen, awer och de ganze Logementsmarché, de ganzen Aarbechtsmarché", esou de Max Hahn.