Radioen

On air

Notturno  |  Thee Marloes - Over

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Demokratie zu Lëtzebuerg soll sech engem "Stresstest" ënnerzéien

Initiativ vun 8 jonke Politiker

D'Demokratie zu Lëtzebuerg soll sech engem "Stresstest" ënnerzéien

Wéi standhaft wier d'Demokratie hei am Land, wann demokratiefeindlech Parteien a Regierungsverantwortung kéimen? Dat soll an engem sougenannte "Stresstest fir d'Demokratie" erausfonnt ginn. Ënner anerem dat fuerdere jiddefalls 8 jonk Politiker:inne vun DP, déi gréng, CSV an LSAP an engem entspriechenden Appell, fir d'Demokratie ze stäerken.

auto_stories

4 min

headphones

7 min

play_arrow

8 jonk Politiker vun DP, déi gréng, CSV an LSAP hunn een Appell lancéiert, fir d'Demokratie ze stäerken. Dat ënner anerem, well et an de leschte Joren een Opschwong vu riets-populistesch Parteien an Europa gouf, déi ganz séier un d'Fundamenter vun der Demokratie a vum Rechtsstaat gaange sinn. Dat seet de Michael Agostini vun de Jonken Demokraten, ee vun de Signatairë vun der Initiativ.

Ënner anerem d'Press wier a Gefor

Hien nennt d'Beispiller vun Ungarn a Polen, mee och vun der AfD an Däitschland. Déi 8 Politiker a Politikerinne fuerderen dofir ënner anerem, datt hei am Land ee sougenannte "Stresstest" fir d'Demokratie gemaach soll ginn.

"Dee soll eng Kéier préiwen, wat géif geschéien, wann zu Lëtzebuerg esou Parteien, esou Leit un d'Muecht géife kommen. Wat wieren déi éischt Elementer, déi si géifen ugräifen. D'Press zum Beispill: Mat enger einfacher Majoritéit kéint een d'Pressegesetz ëmänneren."

D'Finanzéierung vun der Press kéint "op Null gesat ginn", seet de Michael Agostini, an et géif keng Berichterstattung méi ginn.

"Dat wier zum Beispill ee vun deenen Elementer, déi mir gären identifizéiert hätten, awer dann och konkreet Propositioune vun deem 'Democracy Stresstest' eis erhoffen, fir eeben deem entgéintzewierken, datt wann dat eng Kéier zu deem dote Fall kënnt, datt mir dat nach haut, wou mir Ännerungen och an der Konstitutioun kënne maachen, mat Parteien aus der Mëtt, wou dat nach méiglech ass."

Risiko ADR?

Ob si bei esou engem Zenario konkret d'ADR am Kapp hunn, streit de Michael Agostini of. Hie mengt net, datt d'ADR op engem selwechte Stand ass wéi beispillsweis d'PiS Partei a Polen.

"Mir gesinn, datt et verschiddenen Elementer ginn, déi sech dohinner dirigéieren, awer de Risiko ass haut nach net do."

Datt d'Situatioun awer relativ séier ännere kéint, hätt een an Däitschland gesinn, wou d'Parteielandschaft virun 10 Joer nach vun enger staarker CDU an SPD gepräägt waren. Haut geséich d'Situatioun ganz aneschters aus, betount de Michael Agostini, mat enger AfD déi iwwer 20 Prozent bei leschte Wale kritt huet. Dat géing hinne Suerge maachen.

"Wat eis eebe suerge mécht, ass, datt duerch verschiddenen Evenementer, déi hei zu Lëtzebuerg kéinte geschéien, kéinte mir eis och virstellen, datt mir och hei am Land an 10, 15 Joer eng Situatioun hätten, wou esou Parteien op eemol kéinte mehrheetsfäeg ginn. An do virdru wëlle mir gären eis Demokratie schützen."

Rezent Ëmfro mécht Suergen

Zil ass et also, fir duerch ee consultative Biergerrot an engem participativen a parteiiwwergräifende Prozess konkret Mesuren auszeschaffen. Zum Beispill an der Bildung, erkläert dee jonken DP-Politiker.

"Wéi kéint een do nach Elementer erabréngen, déi de Schüler och nach eng Kéier kloermaachen, firwat et esou wichteg ass, datt mir e Rechtsstaat hunn. Firwat et esou wichteg ass, datt mir eng Demokratie hunn?" 

Rezent wier an enger Etüd iwwer den Zoustand vun der Demokratie zu Lëtzebuerg erauskomm, datt e groussen Undeel vu Jonker tëschent 18 a 24 haut net méi der Meenung sinn, datt d'Demokratie déi bescht Gesellschaftsform ass. "An dat mécht eis dann awer ganz, ganz vill Suergen. An do gesi mir e ganz groussen Nohuelbedarf", seet de Michael Agostini.

Um Mëttwochmëtteg gesinn déi 8 jonk Politiker:innen de Premier Luc Frieden, fir mat him iwwer hir Propose fir d'Demokratie ze stäerken, ze schwätzen.

Lauschterenplay_arrow