Radioen

On air

One World  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schoos fuerdert Ännerunge bei de Pensiounen, Kartheiser mat Luef fir den Donald Trump

Parteikongress vun der ADR

Schoos fuerdert Ännerunge bei de Pensiounen, Kartheiser mat Luef fir den Donald Trump

Um Kongress vun der ADR zu Klierf huet d’Parteipresidentin Alexandra Schoos d’Pensiounsreform an de Mëttelpunkt vun hirer Ried gesat. Si huet do widderholl, wat si schonn an der Chamberdebatt erkläert hat. Iwwerdeems lueft de Fernand Kartheiser d'Positioun vum Donald Trump am Ukrainkrich.

auto_stories

1 min

© Carole Schimmer
(Foto: Carole Schimmer)

Fir déi finanziell Situatioun vum Pensiounsfong nohalteg an den Equiliber ze bréngen, wëllt d‘Alternativ Demokratesch Reformpartei eng Erhéijung vun de Cotisatioune fir d’Pensiounskeess ëm ee Prozentpunkt. Och de Pensiouns-Antrëttsalter soll progressiv ëm ee Joer an d’Luucht goen.

Weider fuerdert d’ADR, datt d’Depensë fir d’Babyjoren net zu Laaschte vum Pensiounsfong kommen. De Staat misst dat iwwer de Budget finanzéieren. Eng aner Moossnam wier et, den Ajustement vun de Pensiounen un déi generell Lounentwécklung ab dem duebele Mindestloun degressiv erofzedrécken.

D’ADR proposéiert och Moossname fir d’Privat-Pensiouns-Versécherungen oder komplementar Pensioune vun de Betriber méi attraktiv ze maachen.

Fernand Kartheiser: "Ugrëffskrich" ass déi falsch Bezeechnung

Den Europadeputéierte Fernand Kartheiser huet a senger Ried betount, datt hie sech iwwer d'Positioun vum neien US-President Donald Trump am Konflikt ëm d'Ukrain gefreet huet. Fir hie geet et och drëm, Mënscheliewen ze retten. An hie versteet net, datt d'EU nach vun engem Ugrëffskrich schwätzt. D'USA bezeechnen dat aneschters, esou de Fernand Kartheiser.

Um Parteikongress vun der ADR gouf och proposéiert, eng international ADR ze grënnen, déi sech méi ëm Aussepolitik géif këmmeren.