De Léon Gloden géif engersäits soen, d'Immigratiounszuelen hätte grondsätzlech net vill geännert zanter datt déi nei Regierung um Rudder ass. Anersäits géif de Minister awer maachen, wéi wann d'Regierung alles anescht maache géif fir d'Virgängerregierung tëschent DP, LSAP an déi gréng, esou d'Liz Braz am 100,7-Interview.
Liz Braz: D'Wunnengsbauoffensiv léist nach ëmmer op sech waarden
Déi sozialistesch Deputéiert huet sech och dofir ausgeschwat fir d'Gemengen dozou ze zwéngen, méi Logementer fir Flüchtlingen zur Verfügung ze stellen. De gréisste Problem bei der Migratiounsproblematik wier nämlech d’Logementssituatioun. Aus dem Rapport, deen d’Innen- a Familljeministere presentéiert hunn, geet ervir, datt iwwer 30 PRozent vun de Leit, déi an ONA-Strukture liewen, de Flüchtlingsstatut schonn unerkannt kritt hunn. Duerch d’Lëtzebuerger Logementssituatioun kéint een dës Leit net um Wunnengsmaart ënner kréien, esou d’Liz Braz.
“Ech mengen, et ass dee selwechte Problem, dee mir och fir aner Leit zu Lëtzebuerg hunn. An do ass et regrettabel, dass mir nach ëmmer keng Wunnengsoffensiv gestart hunn. Ech mengen, dass och vill méi d'Responsabilitéit vun de Gemengen hei misst an d'Spill kommen, dass net déi eng méi staark Efforte maachen an anerer guer net."
Dat géing awer net ouni d'Hëllef vum Staat goen esou nach d'Liz Braz. "An do ass absolutt an deem leschte Joer, wou dës Regierung elo do war, nach keng eng staark Initiativ komm, fir dee Problem ze léisen”, esou d'LSAP-Politkerin am 100,7-Interview.
Zejoert goufen zu Lëtzebuerg 2.018 nei Asyldemanden agereecht. Dat wier ee Réckgang vun 18 Prozent am Verglach mam Joer virdrun. Dat geet aus dem Rapport ervir, dee gëschter um Méindeg vun den Innen- a Familljeministere virun der Press presentéiert gouf. Am Beräich vun den Asylprozedure goufen zejoert 2.061 Decisioune getraff, dorënner waren et 500 Refusen, wat eng Hausse vu 26 Prozent duerstellt par rapport zum Joer 2023.
De ganzen Interview mat der Liz Braz