Radioen

On air

One World  |  Dance, No One's Watching

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Aus gesondheetleche Grënn: Nancy Kemp-Arendt zitt sech bis op Weideres aus der Ëffentlechkeet zeréck

Hautkriibs

Aus gesondheetleche Grënn: Nancy Kemp-Arendt zitt sech bis op Weideres aus der Ëffentlechkeet zeréck

D‘CSV Deputéiert Nancy Kemp-Arendt zitt sech eng Zäit laang aus der Ëffentlechkeet zeréck. Dat aus gesondheetleche Grënn. Si huet weider Detailer zu hir Hautkriibs-Erkrankung ginn. De Kriibs wier net méi just lokal, mee hätt sech ausgebreet. Dat huet si gëschter um Sonndegowend op Facebook mat gedeelt.

auto_stories

1 min

Nancy Kemp-Arendt | © Chambre des députés
Nancy Kemp-Arendt (Foto: Chambre des députés)

Vun der nächster Woch u wier si a Behandlung bei engem Onkolog. Si géif sech bis op Weideres "e bëssen zeréckzéien" a sech op hir Famill an enkste Frënn begrenzen, bis si sech nees prett spiert, an d‘Ëffentlechkeet ze goen, sou nach d‘Nancy Kemp-Arendt.