Radioen

On air

Time Flies  |  

play_arrow Live
search

/ Russland schwätzt eng éischte Kéier vu Krich an net vu Spezialoperatioun

Krich an der Ukrain

Russland schwätzt eng éischte Kéier vu Krich an net vu Spezialoperatioun

Russland ass am Krich mat der Ukrain. Dat huet de Spriecher vum Kreml haut eng éischte Kéier an engem Interview zouginn. Bis ewell huet Moskau refuséiert, vun engem Krich ze schwätzen.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Picvario | Komsomolskaya Pravda
(Foto: picture alliance / Picvario | Komsomolskaya Pravda)

Bis elo gouf déi russesch Aggressioun op d‘Ukrain als Spezialoperatioun bezeechent. Et hätt als Militäroperatioun ugefaangen, wier awer zënter der kollektiver Ënnerstëtzung vum Weste fir d‘Ukrain, zu engem Krich ginn, sou den Dmitry Peskov.

No massive russesche Loftattacken op Energie-Infrastrukturen an der Ukrain ass iwwerdeems an op d‘mannst 7 Regiounen uechtert d‘Land de Stroum ausgefall. Dat huet den ukraineschen Operateur Ukrenergo matgedeelt.

Dosende Strouminfrastrukture wiere bei den Attacke beschiedegt ginn.