Radioen

On air

Tockcity  |  Kneecap - H.O.O.D (2025 Mix)

play_arrow Live
search

/ Russland kënnegt Atom-Übungen un der Grenz zur Ukrain un

Krich an der Ukrain

Russland kënnegt Atom-Übungen un der Grenz zur Ukrain un

Matzen am Krich géint d‘Ukrain huet de russesche President Wladimir Putin ugekënnegt, datt Russland deemnächst Atom-Übungen un der Grenz mat der Ukrain wäert maachen. Dobäi sollen déi taktesch Nuklearwaffen an -Truppe getest an op e méiglechen Asaz preparéiert ginn.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Russian Look | Kremlin Pool
(Foto: picture alliance / Russian Look | Kremlin Pool)

Dat huet de russesche Verdeedegungsministère matgedeelt. Wéini a wou genee déi Übunge solle sinn, gouf net gesot.

Schonn an der Vergaangenheet hat Russland sou Traininge gemaach. Dëst neit Manöver wier eng Reaktioun op déi provokant Äusserunge vu westleche Politiker géint Moskau, sou nach de Verdeedegungsministère zu Moskau. Zanter dem Ufank vum Krich an der Ukrain probéiert Moskau ëmmer rëm, am Westen Angscht virun engem Atomkrich ze verbreeden an sou déi international Ënnerstëtzung fir d‘Ukrain ze schwächen.

Russland huet iwwerdeems déi ukrainesch Grenzregioun Sumy beschoss. Obwuel vill Dronen interceptéiert konnte ginn, wier grousse Schued entstanen an d‘Stroumversuergung gouf ënnerbrach. Iwwer 400.000 Menagen hätte keen Elektresch méi, wéi d‘Autoritéiten zu Sumy matdeelen.