Radioen

On air

Concert  |  Concert

play_arrow Live
search

/ Russland huet een Avis de recherche géint de Wolodymyr Selenskyj ausgestallt

Krich an der Ukrain

Russland huet een Avis de recherche géint de Wolodymyr Selenskyj ausgestallt

Russland huet gëschter een Avis de recherche géint den ukrainesche President Wolodymyr Selsenkyj ausgestallt. Dat ass um Site vum russeschen Inneministère ze liesen. Ee Motiv fir déi Recherche gëtt et do awer net.

auto_stories

1 min

Aus der ukrainescher Haaptstad heescht et, deen Avis hätt iwwerhaapt keng Valeur. Et wier just een Zeeche fir d‘Verzweiflung vun der russescher Propaganda, déi net méi wéissten, mat wat se sech nach interessant kéinte maachen, esou d‘Ukrain.

Dono gouf och bekannt, datt et och en Avis de recherche géint dem Selsenkyj säi Virgänger Petro Poroschenko gëtt.