Radioen

On air

Spektrum  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Putin: "Keng Pläng fir Charkiw anzehuelen"

Ukrain

Putin: "Keng Pläng fir Charkiw anzehuelen"

Um Enn vu senger China Rees huet de russesche President Wladimir Putin virun der Press geschwat. Russland behaapt seng Arméi hätt 12 Dierfer an der Regioun Charkiw bannent enger Woch eruewert. Et géifen aktuell awer keng Pläng ginn, fir déi ukrainesch Stad Charkiw ze erueweren.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Russian Look | Kremlin Pool
Wladimir Putin (Foto: Archiv)

Den Ament géif eng Pufferzon ronderëm d’Stad geschafe ginn, well vu Charkiw aus déi russesch Regioun Bolgorod massiv mat Dronen a Rakéite géif attackéiert ginn. Och hënt hätt et zwee Doudeger bei Attacken am Südweste vu Russland ginn.

Dee fréiere Kremlchef Dmitri Medwedew, deen elo Vizechef vum nationale Sécherheetsrot ass, hat dem Selenskyj seng Rees op Charkiw den Donneschden als "Abschiedsbesuch" bezeechent. Moskau géif Charkiw ëmmer rëm als russesch Stad bezeechnen, dowéinst géifen Experten dovun ausgoen, datt och déi Regioun soll annektéiert ginn. De russesche President dementéiert dat, esou Pläng géif et fir de Moment net ginn.