Radioen

On air

Nei Musek  |  Eng Hal voller Maschinnen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D‘USA wäerte keng Zaldoten an d‘Ukrain schécken

Amerikanesche Sécherheetsrot

D‘USA wäerte keng Zaldoten an d‘Ukrain schécken

Den US-President géif dem franséische President Emmanuel Macron seng Positioun respektéieren, fir Militärformateuren an d‘Ukrain ze schécken, esou den Kirby, d‘USA hätte bis elo do net matgemaach, an dat géif och fir d‘Zukunft gëllen, esou de Kirby.

auto_stories

1 min

John Kirby | © picture alliance / Consolidated News Photos | Yuri Gripas - Pool via CNP
Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Yuri Gripas - Pool via CNP

De Joe Biden gëtt haut zu Paräis vum Emmanuel Macron empfaangen. Eng Visitt, fir déi de franséische President Macron nach emol déi grouss Inzenéierung gewielt huet. Béid Presidente wäerten de Moien, no engem Gespréich d‘Champs Elysees eroffueren, begleet vun 140 Päerd an 38 Motarden.