Radioen

On air

Owesconcert  |  Owesconcert

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Verdeedegungsministerin Yuriko Backes op Visitt beim Jens Stoltenberg

NATO

Verdeedegungsministerin Yuriko Backes op Visitt beim Jens Stoltenberg

D'Verdeedegungsministerin Yuriko Backes gouf gëschter vum NATO-Generalsekretär Jens Stoltenberg fir e bilateraalt Gespréich am NATO-Haaptquartéier zu Bréissel empfaangen. D‘Ministerin hätt dobäi betount, datt Lëtzebuerg prett wier, fir seng Responsabilitéiten ze iwwerhuelen a bei de Verdeedegungsdepensen d‘NATO-Zil vun 2 Prozent vum RNB géif respektéieren.

auto_stories

1 min

Yuriko Backes Jens Stoltenberg | © MAE
Foto: MAE

Nach virum NATO-Sommet an engem Mount zu Washington géif si dem Regierungsrot eng entspriechend Propos fir de Verdeedegungs-Effort vu Lëtzebuerg virleeën, esou e Communiqué vun der Defense-Direktioun.

Wat de russeschen Aggressiounskrich an der Ukrain ugeet hätt d‘Yuriko Backes am Gespréich mam NATO-Chef ënnerstrach, datt Lëtzebuerg d'Ukrain weider voll géif ënnerstëtzen.

Dëst Joer géif Lëtzebuerg fir d'éischte Kéier e Budget vu 70 Milliounen Euro zur Verfügung stelle fir d'Ukrain militäresch ze ënnerstëtzen. Dat wier e strikte Minimum, deen nach kéint ugepasst ginn, esou d'Verdeedegungsministerin Yuriko Backes.