arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Russland gesäit e puer positiv Punkten am US-Friddensplang

28-Punkte Plang

|
headphones

1 min

Russland gesäit e puer positiv Punkten am US-Friddensplang

Vill aner Punkte missten an enger Spezial-Diskussioun tëschent Experte beschwat ginn. Dat sot de Kreml-Beroder Juri Uschakow op der russescher Televisioun. Et hätt een nach mat kengem am Detail iwwer de Plang diskutéiert.

headphones

1 min

Fändele vun der Ukrain, Russland an den USA | © Photo by Jakub Porzycki/NurPhoto
Fändele vun der Ukrain, Russland an den USA (Foto: Photo by Jakub Porzycki/NurPhoto)

Parallel heescht et vu Moskau, datt déi europäesch Efforte fir sech an d‘Verhandlungen anzeschalten notzlos wieren.

Opreegung ronderëm den US-Vermëttler Steve Witkoff

Een Artikel vun der US-Noriichtenagence Bloomberg iwwert eng presuméiert Matschrëft vun engem Telefonsgespréich tëschent dem US-Vermëttler Steve Witkoff an dem Juri Uschakow suergt iwwerdeems fir Opreegung. De Witkoff soll der russescher Säit do Tipps ginn hu fir den Ëmgang mam Donald Trump. Den US-President huet dem Witkoff Réckendeckung ginn. Fir hie géif dat no "ganz normale Verhandlunge" kléngen, esou den Donald Trump.

De Kreml schwätzt vun engem Versuch, fir d‘Friddensefforten ze ënnergruewen. Am Donald Trump senger republikanescher Partei ginn et allerdéngs Récktrëttsfuerderunge géint de Witkoff.