Radioen

On air

De Weekend  |  Josh Island - Rewind

play_arrow Live
search

/ No Attentat zu Moskau: Russland beschëllegt weider d'Ukrain

Ouni Beweiser

No Attentat zu Moskau: Russland beschëllegt weider d'Ukrain

Russland mécht weider d‘Ukrain matresponsabel fir d‘Attentat zu Moskau an dat, obwuel d‘Attack vun der terroristescher Organisatioun Islamesche Staat revendiquéiert gouf.

auto_stories

1 min

FSB | © picture alliance / globallookpress.com | Petrov Sergey
FSB (Foto: picture alliance / globallookpress.com | Petrov Sergey)

Nieft der Ukrain wieren och westlech Geheimdéngschter an d‘Virbereedung vum Attentat implizéiert gewiescht, sot elo de Chef vum russesche Geheimdéngscht FSB, ouni awer Beweiser dofir ze liwweren.

Beim Attentat de leschte Freideg op e Concertssall zu Moskau koumen 139 Leit ëm d‘Liewen, an eng 200 Leit goufe blesséiert. D‘Sich no Vermësste gouf elo gestoppt, ënner de Ruine vun der Concertshal géif et keng Affer méi ginn, esou déi zoustänneg Autoritéiten zu Moskau.