Radioen

On air

9 bis 1  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
search

/ Russland attackéiert Baumaart zu Kharkiv: Op d'mannst 11 Doudeger

Krich an der Ukrain

Russland attackéiert Baumaart zu Kharkiv: Op d'mannst 11 Doudeger

Bei enger russescher Attack op ee Baumaart zu Kharkiv sinn op d'mannst 11 Mënsche gestuerwen. Eng 200 Persoune waren zum Zäitpunkt vun där Attack am Baumaart.

auto_stories

1 min

Wärend der Nuecht hunn d’Pompjeeën aus der ost-Ukrainescher Stad d’Feier geläscht. D’Geschäft ass ganz beléift an gouf gutt besicht. Et ka sinn, datt weider Affer ënnert den Trümmer fonnt ginn, esou déi ukrainesch Militärverwaltung.

Och hënt si russesch Rakéiten op d’Ukrain geschoss ginn,

Hyperschall-Rakéite koumen och an den Asaz, esou déi ukrainesch Loftofwier. Hënt stoung virun allem de Weste vum Land am Viséier. Do goufen an e puer Stied zivil Infrastrukturen an Haiser viséiert.

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj huet op en Neits d’Liwwerung vu méi Loft-Ofwiersystemer gefrot.